Oft gestallte Froen

Hei fënns du eng Rei Froen, déi oft gestallt ginn. Villäicht fënns du jo hei eng Äntwert op deng Fro ? Ass dat net de Fall, kontaktéier eis einfach.

Mat 6 Joer duerfs du bei eis an de Biber ufänken. No uewen gëtt et bei eis keng Grenzen.

Jo! Du bass häerzlech Wëllkomm! Egal ob am Ufank vum Joer oder wärend dem Joer. Du däerfs zu all Zäit an eng Versammlung kucke kommen. Fëll einfach de Formulaire fir d’Schnupperversammlung aus, a mir mellen eis bei dir mat weideren Detailer:
D’Branche sinn eis Altersgruppen. Bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ginn et 5 Branchen:
Fëll einfach de Formulaire fir d’Aschreiwung aus. Mir mellen eis uschléissend mat weideren Detailer:
  • Du kriss eng Rechnung per Mail geschéckt. Gewéinlech ass d’Cotisatioun ëm de November fälleg.
  • Nei Member kréien d’Rechnung vun der Cotisatioun no hirer Aschreiwung.

D’Cotisatioun ass de järleche Membersbäitrag.

Ee Member dee seng Cotisatioun bezuelt huet, profitéiert vun enger Partie Virdeeler :

  • hien ass ënnert der Assurance vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute verséchert, – dorënner fält souwuel eng Haftflicht wéi awer och eng Onfallversécherung
  • hien profitéiert vum Abonnement vun der Zeitung “De platte Knuet” vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, déi e puer Mol am Joer eraus kënnt.

D’Cotisatioun ass op 20,00 € pro Joer festgeluecht.

Jo! Ouni Cotisatioun bass du net wärend eisen Aktivitéiten verséchert. Ouni gëllteg Cotisatioun duerfs du dowéints och net un eisen Aktivitéiten deelhuelen.

Neen! Fir eng Schnupperversammlung muss du just beim Gruppechef ugemellt sinn. Fëll heifir einfach de Formulaire fir d’Schnupperversammlung aus.

Kuck an eisem Shop hei um Site no, oder fro einfach ee vun denge Chef.

Normalerweis hu mir eng kleng Reserve am Chalet. Wa mir keng Foulard’e méi sollten hunn, bestelle mir déi esou séier wéi méiglech no. Du kanns awer och den LGS-Shop an der Stad besichen.

Fir ee neit Hiem ze kréien brauchs du just deng Chef ze froen.

Normalerweis hu mir eng kleng Reserve am Chalet. Wa mir keng Hiemer méi sollten hunn, bestelle mir déi esou séier wéi méiglech no. Du kanns awer och den LGS-Shop an der Stad besichen.

Du kriss vun eis eng Rechnung per Mail geschéckt.

Dës Rechnung ass an den nächste 4 Wochen op eise Kont ze iwwerweisen.

Déi verschidde Faarwen kennzeechnen déi ënnerschiddlech Branchen a Chef:
  • Biber: Türkis
  • Biber-Chef: Türkis mat Wäiss
  • Wëllefcher: Giel
  • Wëllefcher: Giel mat Wäiss
  • AvEx: Mof
  • AvEx-Chef: Mof mat Wäiss
  • CaraPio: Rout
  • CaraPio-Chef: Rout mat Wäiss
  • RaRo: Beige
  • RaRo-Chef: Beige mat Wäiss
  • Gruppechef: Gro mat Wäiss
Foularden
Neen! Laut ministerieller Autorisatioun, duerf eise Chalet weder un aner Scoutsgruppen, anere Associatiounen nach u Privatpersounen verlount ginn.

An eisem Chalet steet eng Fundkiste.

Kuck déi nächst Versammlung eemol no ob s du deng Saachen villäicht an eiser Fundkiste erëm fënns.