Oft gestallte FroenHei fënns du eng Rei Froen déi oft gestallt ginn. Villäicht fënns du jo hei eng Äntwert op deng Fro? Ass dat net de Fall duerfs du eis awer och gären iwwer This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. kontaktéieren. Informatiounen fir nei Member
Ab wéivill Joer duerf ech an d'Guiden a Scouten goen? Bei eis duerfs du mat 6 Joer bei de Biber ufänken. No uewen gëtt et bei eis keng Grenzen. Ech sinn un de Guiden a Scouten interesséiert, duerf ech an eng Versammlung kucke kommen? Du bass wëllkomm! Egal ob am Ufank vum Joer oder während dem Joer, du duerfs zu jiddwer Zäit an eng Versammlung kucke kommen. Du muss einfach kucken zu wéienger Branche dass du gehéiers an den Datum vun der nächster Versammlung eraus sichen. Du kanns eis awer och eng kuerz Mail schreiwen fir dech fir eng Versammlung unzemellen. Wat si Branchen? Bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ginn d'Altersgruppen a Branchen ënnerdeelt. Bei eis hu mer folgend Branchen: - Biber [6-8 Joer] - Wëllefcher [8-11 Joer] - AvEx [11-14 Joer] - CaraPio [14-17 Joer] - RaRo [17-23 Joer] Ech wëll mech als Member am Grupp umellen. Wat muss ech maachen? Fir dech als Member an eisem Grupp unzemellen brauchs du just de Formulair fir d'Aschreiwung auszefëllen an un eis ze schécken: Fiche d'Inscription [*.pdf] Esoubals du ugemellt bass, kriss du all déi néideg Informatiounen geschéckt.
Allgemeng Informatiounen
Wéini muss ech meng Cotisatioun bezuelen? Fir dass du d'Joer iwwer ënnert der Assurance vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten verséchert bass, muss du ee Membersbäitrag bezuelen. Dëst muss am Normalfall ëm de Mount November-Dezember gemaach ginn. Du kriss awer och nach ee Bréif mat allen Informatiounen wann et bis esou wäit ass. Nei Member kréien déi betreffend Informatiounen no hierer Inscriptioun. Firwat muss ech eng Cotisatioun bezuelen? D'Cotisatioun gëtt eemol am Guiden a Scoutsjoer bezuelt, a kann als Membersbäitrag gesi ginn. Ee Member dee seng Cotisatioun bezuelt huet, profitéiert awer och nach vun enger Partie Virdeeler: hien ass an éischter Linn ënnert der Assurance vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten verséchert, - dorënner fällt souwuel eng Haftpflicht wéi awer och eng Onfallversécherung. An zweeter Linn profitéiert de Member awer och vum Abonnement vun der Zeitung "De platte Knuet" vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten déi e puer mol am Joer eraus kënnt. Wéivill kascht mech d'Cotisatioun? Fir Member déi nach an d'Schoul ginn a fir Member déi Chef sinn kascht d'Cotisatioun 20,00€/Joer.
Uniform: Hiem & Foulard
Ech brauch ee neie Foulard. Fir ee neie Foulard ze kréien brauchs du just deng Chef ze froen. Normalerweis hu mer eng kleng Reserve am Chalet. Wa mer keng Foulard'e méi sollten hunn, bestelle mer déi esou séier wéi méiglech no. Du kanns awer och den LGS-Shop an der Stat besichen, sief awer drop higewisen, dass de Shop nëmmen ganz bestëmmten Auerzäiten op ass. Ech brauch ee neit LGS-Hiem. Mir maachen e puer mol am Joer eng Sammelbestellung. Fro bei dengen Chef no fir een Hiem unzemoosen a mer bestellen der een Hiem an denger Gréisst. Wéi bezuelen ech mäi Foulard oder Hiem? Esoubal s du een Foulard oder Hiem kaft hues, kriss du eng Rechnung vun eis geschéckt. Dës Rechnung ass an den nächsten 4 Wochen op eise Konnt ze iwwerweisen. Mer wëllen dech drop hiweisen, dass mer am Normalfall kee Borgeld méi unhuelen. Firwat hunn d'Foulard'en verschidde Faarwen, a wat bedeiten se? Déi eenzel Branchen hu verschidden Foulard'en fir se kënnen ënnerteneen ze ënnerscheeden. De Foulard huet zwou Faarwen: d'Grondfarw Blo an de Rand an der Faarw vun der Branche. Dobäi kënnt dann nach, dass d'Chef een aneren Foulard hunn. Si hunn d'Farw vun hierer Branche op enger Säit mat enger wäisser Sträif op der anerer Säit. Hei nach eemol d'Faarwen vun den Foulard'en:
![]()
Divers
Ech hunn ee perséinleche Géigestand verluer, wat soll ech maachen? Du hues eng Jacket, Händchen oder soss eppes verluer oder bei eis vergiess? Kuck déi nächst Versammlung eemol no ops du deng Saachen villäicht an eiser Fundkëscht erëm fënns.
P.S.: Un dëser Säit gëtt den Ament nach geschafft, a nächster Zäit wäerten nach Froen nokommen. |