Rees mat eis duerch d'Geschicht vun eisem Grupp

Fréijoer, 2021
Fréijoer, 2021

Entreprise Pizzauewen

Eis CaraPio bauen ee Pizzauewen fir eise Grupp.

Fréijoer, 2019
Fréijoer, 2019

100 Joer Lëtzebuerger Guiden a Scouten

D'ganzt Land feiert 100 Joer Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Hierscht, 2017
Hierscht, 2017

Grënnung vun der Biber-Branche

Eise Grupperot beschléisst d'Branche vun de Biber fir d'Kanner vu 6-8 Joer opzemaachen.

Summer, 2016
Summer, 2016

Odyssee 2016

Ee weidert Joer setzen sech eis RaRo fir eng besser Welt an.
Mir ware bei de Projeten a Äthiopien, Bosnien, Brasilien a Georgien derbäi.

Summer, 2016
Summer, 2016

Gruppecamp 2016

Eis Grupp versammelt sech um grousse Gruppecamp 2016 zu Dikrech zum Thema "Verschollen op enger Insel"

Fréijoer, 2016
Fréijoer, 2016

Projet Escaperoom

Eis CaraPio lancéieren de Projet "Escaperoom".
Wärend engem Weekend bidde si de Leit d'Méiglechkeet sech an ee Raum aspären ze loossen.
Packe si et fir innerhalb vu 60 Minutten all d'Rätselen ze léisen an aus dem Raum ze entkommen?

Fréijoer, 2015
Fréijoer, 2015

25 Joer Feier a Fändelweih

Mir feieren eis 25 Joer a weihen eise nei Fändel "Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus dem Parc Housen" an.

Summer, 2013
Summer, 2013

Odyssee 2013

Eng éischte Kéier gi Member vun eisem Grupp op eng Odyssee.
Bosnien, Brasilien, Georgien a Senegal waren Destinatiounen wou mir bei Opbauaarbechten gehollef hunn.

Summer, 2012
Summer, 2012

Grënnung vun der RaRo-Branche

Am Hierscht 2012 hu sech zwee vun eise Chef zesummegesat an hunn d’Branche vun de RaRo (17-23 Joer) an eisem Grupp gegrënnt.

Fréijoer, 2011
Fréijoer, 2011

Projet Faire Kaffi

Eise Grupp lancéiert de Projet "Faire Kaffi".
Eemol am Joer bidde mir ee Moiesbuffet mat fair a regionale Produiten.

Summer, 2008
Summer, 2008

Gruppecamp 2008

Eise grousse Gruppecamp mat all eise Member zum Thema "Asterix" zu Miersch.

Februar, 2007
Februar, 2007

Grënnung vun eiser A.S.B.L.

Eis Amicale, d'Frënn vun den LGS Mère Thérèse A.S.B.L. gëtt gegrënnt.

Fréijoer, 2006
Fréijoer, 2006

Eisen éischte Website geet online

Mir gi fir eng éischte Kéier "online".

Fréijoer, 1996
Fréijoer, 1996

Fändelweih zu Housen

Um Ouschtermeindeg 1996 hu mir eise neie Fändel ageweiht.

1994
1994

“Lëtzebuerger Guiden a Scouten”

D’Lëtzbuerger Guiden a d’Lëtzebuerger Scouten fusionéieren – et entsteet de Verband Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Januar, 1992
Januar, 1992

Mir spillen eisen éischten Theater

All eise Branchen, d’Chef an d’Elteren paken eng Hand mat un

Hierscht, 1989
Hierscht, 1989

Eis éischt Versammlung

Am Hierscht 1989, ee Joer no eiser Grënnung, gouf déi éischt Versammlung zu Lëppschent an der aler Schoul ofgehalen.

Summer, 1989
Summer, 1989

Gilwell 1989

D’Jacquel (Grënnungsmember, a fréier Gruppecheftaine) méscht säi Gilwell um Neihaischen.

Hierscht, 1988
Hierscht, 1988

Eise Grupp gëtt gegrënnt

Nodeems eise Grupp am Hierscht 1988 gegrënnt gouf, konnten déi éischt Member opgeholl ginn.