Déi wichtegst Kniet an de Guiden a Scouten​

Hei fënns du d’Kniet déi eng Guide / ee Scout kenne sollt. Du kenns déi Kniet nach net? Ma da lass!

De Platte Knuet
 Nœud plat
 Samariterknoten

De platte Knuet ass net nëmmen de Numm vun eiser Scoutszeitung oder ee Symbol mä tatsächlech ee ganz wichtege Knuet.

De platte Knuet kann agesat ginn fir de Brelage ofzeschléissen.

E kann och agsat ginn, wann zwee Seeler mateneen verbonne solle ginn.
Mä oppassen: ënner Zoch kann de platte Knuet sech léisen! Also ni Seeler domatten verbannen déi Persounen oder vill Kraft droe mussen!

D'Aachterschléng
Nœud de cabestan
Achterschlinge oder Mastwurf

D’Aachterschléng ass een einfache Knuet, dee fir Villes agsat ka ginn.

Bei de Scouten gëtt d’Aachterschléng awer meeschtens fir den Ufank vum Brelage genotzt. Hei huet d’Aachterschléngt d’Funktioun sech um Bamstamm oder um Stéck Holz ze verankeren.

Ee bësse méi selten kann dëse Knuet genotzt ginn fir d’Sprossen vun enger Stréckleder ze sécheren.

De Brelage
Brêlage droit
Kreisbund

De Brelage ass wuel dee wichtegste Knuet bei de Scouten. Mir setzen hien iwwerall do an, wou Staangen rechtwénkleg mateneen verbonne solle ginn – als bei quasi all eise Konstruktiounen.

De Bralage setz de platte Knuet an d’Aachterschléng viraus.

Et gi verschidde Varianten vum Brelag. Ënnert anerem gëtt et de Schéierbrelage, mat deem och Staangen net rechtwénkleg mateneen verbonne kënne ginn.

Deemnächst: Frëndschaftsknuet, Trépied, ...