Staangebrout

Persounen

4

Persounen
Preparatioun

10

Minutten
Rascht Zäit

30

Minutten
Bak Zäit

10

Minutten
Total Zäit

50

Minutten

WAAT BRAUCH ECH?

  • Fir den Deeg
  • 250 Gramm Miel

  • 125 Milliliter waarmt Waasser

  • 1 Pak dréchen Hief

  • 1,5 Iessläffelen Olivenueleg

  • 1 Téiläffel Salz

  • 1 Pris Zocker

  • Material
  • Holz

  • 4 Äscht

WAAT MUSS ECH MAACHEN?

  • Déi dreschen Zutaten mateneen an enger Schossel vermëschen an dono d'Waasser an den Ueleg dobäi ginn
  • Alles gutt kniede bis een een elasteschen Deeg huet
  • Mat engem Duch ofdecken an op mannst 30 Minutte stoe loossen
  • Den Deeg a 4 Portiounen deelen, an déi eenzel Portiounen nach eng kéier kuerz op d'Säit stellen
  • Eng Portioun Deeg zu enger laanger Wurscht formen a ronderëm d'Spëtzt vum Aascht wéckelen
  • Den Aascht iwwert d'Glous halen a soulaang dréine bis d'Brout brong ass
  • Bonna Bonna Petit!