Pizza um Feier

Persounen

4

Persounen
Preparatiounen

1

Stonn 

10

Minutten
Bak Zäit

10

Minutten
Total time

1

Stonn 

20

Minutten

Hu dir schonn eng kéier eng Pizza um Feier gemaach? Alles wat dir dofir braucht ass eng Pan mat Deckel!

WAAT BRAUCH ECH?

  • Fir den Deeg
  • 400 Gramm Miel

  • 1 Wierfel Hief

  • 1 Pris Zocker

  • 200 Milliliter Waasser

  • 1 Téiläffel Salz

  • Fir op d'Pizza
  • 500 Gramm Tomaten aus der Dous

  • 2 Zéiwen Knuewelek

  • Basilikum

  • Oregano

  • Salz an Peffer

  • Salami, Ham oder Geméis wat engem esou schmaacht

  • 125 Gramm Mozzarella

  • 150 Gramm gerappte Kéis

  • Material
  • Pan mat Deckel

  • Kuelen / Holz

WAAT MUSS ECH MAACHEN?

  • Feier umaachen!
    Tipp! Mat Grillkuele kritt ee besser Glous fir d'Oberhitze hin
  • Fir den Deeg
  • D'Miel an eng Schossel maachen, eng Kaul an d'Miel drécken. Hief an d'Kaul grimmelen an den Zocker dobäi ginn. D'Hief an den Zocker mat der Hallschent vum Waasser verréieren. Alles mat bësse Miel bedecken a mat engem Duch zoudecken. 20 Minutte roue loossen.
  • Salz, Ueleg an de Rescht vum Waasser dobäi ginn an alles zu engem elasteschen Deeg knieden an nach eng kéier 40 Minutten zougedeckt stoe loossen.
  • Fir d'Zooss
  • De Knuewelek mat bëssen Ueleg ubroden, Tomaten dobäi ginn. 20 Minutte brutschele loossen. Mat Salz, Peffer, Basilikum an Oregano ofschmaachen.
  • Pizza beleeën
  • Bëssen Ueleg an d'Pan maachen
  • Den Deeg an d'Pan drécken, sou dass den Deeg déi ganz Pan bedeckt
  • D'Zooss um Deeg verdeelen
  • Kéis op d'Pizza streeën
  • Salami, Ham oder Geméis an den Mozzarella op d'Pizza leen
  • Deckel op d'Pan, d'Pan an d'Feier stellen, Glous op den Deckel a soulaang stoe loosse bis den Deeg knuspereg an de Kéis geschmolt ass
  • Bonna Bonna Petit!