Lasagne um Feier

Persounen

4

Persounen
Preparatioun

40

Minutten
Kach Zäit

1

Stonn 

20

Minutten
Total Zäit

2

Stonnen 

Säit dem GoUrban ee Klassiker bei de CaraPio, deen zemools op der Montée gär gesinn ass.
Och d'RaRo hunn schonn a ville verschiddene Länner Lasagne um Feier gekacht. Probéier et aus et schmaacht mega lecker.

WAAT BRAUCH ECH?

  • Fir d'Bolo
  • 500 Gramm Gehacktes

  • 1 Ënn

  • 2 Zéiwen Knuewelek

  • 1 Iessläffel Tomatepüree

  • 800 Gramm Tomaten aus der Bécks

  • Salz a Peffer

  • Italieenesch Gewierzer

  • Fir d'Béchamel
  • 1/2 Liter Mëllech

  • 30 Gramm Botter

  • 40 Gramm Miel

  • Salz an Peffer

  • Muskot

  • Waat soss nach?
  • 300 Gramm Lasagneplatten

  • 500 Gramm gerappte Kéis (bzw. vill Kéis)

  • Material
  • Grousst Dëppen mat Deckel

  • Kuelen / Holz

WAAT MUSS ECH MAACHEN?

  • Feier umaachen!
    Tipp! Mat Grillkuele kritt ee besser Glous fir d'Oberhitze hin
  • Fir d'Bolo
  • Gehacktes an engem Dëppen ubroden
  • D'Ennen a kleng Wierfele schneiden a beim Gehacktes am Dëppen ubroden
  • Den Tomatepüree an de gepresste Knuewelek an Dëppe ginn a mat ubroden
  • Tomaten aus der Dous an Dëppe schëdden an op mannst eng hallef Stonn brutschele loossen
  • No enger hallwer Stonn d'Zooss mat Salz, Peffer an den italieenesche Kraider wierzen
  • Fir d'Béchamel
  • An engem aneren Dëppen d'Botter schmelze loossen
  • D'Miel mat engem Schnéibiesem ënner réieren
  • D'Mëllech wärend deem een déi ganzen Zäit réiert dobäi ginn
  • Mat Salz, Peffer a Muskot wierzen
  • Wéi geet et weider?
  • An engem groussen Dëppe mat Deckel eng Schicht Bolo verdeelen, eng Schicht Nuddelen drop leen, op d'Nuddelen erëm eng Schicht Bolo an dono mat enger schicht Béchamel bedecken
  • Schicht fir Schicht Dëppe fëllen
  • Eng gutt Schicht Kéis schléisst eng perfekt Lasagne of
  • Dëppe mam Deckel an d'Feier setzen, op den Deckel Glous placéieren an 20-30 Minutte kache loossen, bis d'Nuddelen duerch sinn an de Kéis geschmolt ass
  • Bonna Bonna Petit!