Lasagne um Feier
Persounen
4
PersounenPreparatioun
40
MinuttenKach Zäit
1
Stonn20
MinuttenTotal Zäit
2
StonnenSäit dem GoUrban ee Klassiker bei de CaraPio, deen zemools op der Montée gär gesinn ass.
Och d'RaRo hunn schonn a ville verschiddene Länner Lasagne um Feier gekacht. Probéier et aus et schmaacht mega lecker.
WAAT BRAUCH ECH?
- Fir d'Bolo
500 Gramm Gehacktes
1 Ënn
2 Zéiwen Knuewelek
1 Iessläffel Tomatepüree
800 Gramm Tomaten aus der Bécks
Salz a Peffer
Italieenesch Gewierzer
- Fir d'Béchamel
1/2 Liter Mëllech
30 Gramm Botter
40 Gramm Miel
Salz an Peffer
Muskot
- Waat soss nach?
300 Gramm Lasagneplatten
500 Gramm gerappte Kéis (bzw. vill Kéis)
- Material
Grousst Dëppen mat Deckel
Kuelen / Holz
WAAT MUSS ECH MAACHEN?
- Feier umaachen!
Tipp! Mat Grillkuele kritt ee besser Glous fir d'Oberhitze hin - Fir d'Bolo
- Gehacktes an engem Dëppen ubroden
- D'Ennen a kleng Wierfele schneiden a beim Gehacktes am Dëppen ubroden
- Den Tomatepüree an de gepresste Knuewelek an Dëppe ginn a mat ubroden
- Tomaten aus der Dous an Dëppe schëdden an op mannst eng hallef Stonn brutschele loossen
- No enger hallwer Stonn d'Zooss mat Salz, Peffer an den italieenesche Kraider wierzen
- Fir d'Béchamel
- An engem aneren Dëppen d'Botter schmelze loossen
- D'Miel mat engem Schnéibiesem ënner réieren
- D'Mëllech wärend deem een déi ganzen Zäit réiert dobäi ginn
- Mat Salz, Peffer a Muskot wierzen
- Wéi geet et weider?
- An engem groussen Dëppe mat Deckel eng Schicht Bolo verdeelen, eng Schicht Nuddelen drop leen, op d'Nuddelen erëm eng Schicht Bolo an dono mat enger schicht Béchamel bedecken
- Schicht fir Schicht Dëppe fëllen
- Eng gutt Schicht Kéis schléisst eng perfekt Lasagne of
- Dëppe mam Deckel an d'Feier setzen, op den Deckel Glous placéieren an 20-30 Minutte kache loossen, bis d'Nuddelen duerch sinn an de Kéis geschmolt ass
- Bonna Bonna Petit!