
Allerlee iwwert de Camp
Wat huelen ech mat op ee Camp? Hei ee Beispill!

Jackett géint de Reen
Warnvest
Bidon / Drénkblos
Uniform
Eppes fir op de Kapp
Gamelle
Besteck
Becher
Spullduch + Spulllomp
Notizblock a Bic
déck an dënn Strëmp
Foulard
Schwammbox
evtl. Pyjama
Wäschmëttel am Tube
eppes géint Moustiquen + Sonnecrème
Zännseef + Zännbiischt
Duschseef + Deo
Sonnebrëll
Nuesschnappecher
Fixfeier
Pass / Carte d'Identité
kleng Verbandskëscht
Dicher + Läppchen
Kuerz Boxen
T-Shirts
Laang Boxen
Trekking Boxen
Pullover
Toilettepabeier
Ënnerwäsch
Täschemesser
Batterien + Täscheluucht
Kompass
Wanderschong
Schlofënnerlag
Schlofsak
Grousse Rucksak, an deen alles dra passt!
Wéi paken ech mäi Rucksak? Hei ee Beispill

Schlofënnerlag a Schlofsak kommen an d'Buedemtäsch

eventuell Drénkblos kënnt an déi grouss Mëtteltäsch un de Réck

Pulloveren kommen an déi grouss Mëtteltäsch

Boxen (laang a kuerz) kommen an déi grouss Mëtteltäsch

T-Shirts kommen an déi grouss Mëtteltäsch

Pyjama kënnt an déi grouss Mëtteltäsch

Reejacket kënnt an déi grouss Mëtteltäsch

Handduch a Läppchen kommen an d'Mëttel- oder Säitentäsch
(wa se naas sinn baussen un de Rucksak)

Spullduch a Spulllomp kommen an d'Mëtteltäsch
(wa se naas sinn baussen un de Rucksak)

Hygieneartikel kommen an d'Mëttel- oder Säitentäsch

Gamelle a Besteck kommen ganz uewen an d'Mëtteltäsch

Becher kënnt ganz uewen an d'Mëtteltäsch

Schwammbox oder Maillot kënnt an d'Mëttel- oder Säitentäsch
(wa se naas ass baussen un de Rucksak)

Ënnerwäsch a Strëmp kommen an eng Säitentäsch

Bidon kënnt an déi ënnescht Säitentäsch

Täscheluucht an eventuell Sonnebrëll kommen an d'Deckeltäsch

Sonnecrème, Botz- a Wäschmëttel kommen an eng Säitentäsch

Bic a Block kommen an d'Deckeltäsch

Fixfeier a Nuesschnappecher kommen an d'Deckeltäsch (oder eng Säitentäsch)

1. Hëllef-Trousse an Toilettepabeier kommen gutt zougänglech an d'Deckeltäsch (oder eng Säitentäsch)

Warnwest kënnt gutt zougänglech an d'Deckeltäsch (oder eng Säitentäsch)

Täschemesser a Kompass kommen an d'Beckegurttäsch

Biergschong, Uniform a Foulard, Kap, asw. ginn ugedoen
Wichteg Dokument fir de Camp: