Spuenien

Ey Ügo 2019

Mam Flixbus vu Lëtzebuerg op Kaiserslautern an dann op Frankfurt. Vun do aus si mir da mam Fliger an d’Baskeland geflunn. Ey Ügo war ee Camp Volant, definitiv hunn mir eis et méi schwéier gemaach wéi et misst sinn, well de Muschelswee ass elo net onbedéngt deen einfachsten Tour deen ee raussiche kann. Ëmmerhin hunn verschidde RaRo op dësem Camp rausfonnt wéi hire spéidere Wee soll weider goen. Spaass, Sonn, Mier an den Ügo waren natierlech um Start 🌊