Schweden

Ruppsåkk 2022

2022 hunn mir ee Roadtrip duerch Däitschland, Dänemark, Norwegen a Schweden gemaach . An Schweden hu mir leider just eng Nuecht verbruecht, déi war dofir awer wonnerschéin direkt bei engem Séi matzen an der Natur an no enger Woch mat 3 Schichte Kleeder am Schlofsak waren et och endlech mol erëm Temperaturen, bei deenen een net gefillt an der Nuecht erfruer ass. Hätte mir dat gewosst wiere mir vläicht bëssen éischter a Schweden komm. We are in Norway Sweden, Denmark let us be where we want to be, in paradise ☀️

Never Stop Exploring 2014

Am Summer 2014 hu mir deen éischte RaRo-Camp an eisem Grupp gemaach. Eng vun eisen Dramdestinatiounen war, ënnert anerem winns der Natur, Schweden.

Wéi ee sech virstelle kann, ass bei eisem éischte Camp sou munches aneschters gelaf wéi geplangt 😅 Ënnert anerem gouf et zu engem Moment ganz knapp mam Ravi, wat ee bëssen eis Krativitéit gefuerder huet.

Ee vun eisen Highlights war déi 4 deegeg Fahrt um Klarälven mat eisem selwer gebauten Floß.

Eise Camp hu mir mat enger Visitt an enger Iwwernueschtung op engem Schëff a Stockholm ofgeschloss.