
Lëtzebuerg
2020°C
2020 war alles anescht, duerch deen albekannte Virus ware laang Zäit Fragezeichen iwwert eise Käpp, ob mir iwwerhaapt op de Camp kënne goen. Am Summer ass dunn awer alles bësse gelackert ginn, sou dass mir eis spontan dozou entscheet hunn, eist Land ënnert d’Lupp ze huelen. Geplangt war vum Norde bis op d’Musel an erëm zréck an d’Staat. Mir waren zwar “just” a Lëtzebuerg, awer ustrengend war et trotzdeem, villäicht bëssen ze ustrengend. Op der Musel war dunn Schluss. Bei 2020°C (oder och just 35°C) ass eist d’trëppelen ze ustrengend ginn, an hunn eis dozou entscheet, de Camp mat engem Escape Room an der Staat ofzebriechen 🌡️