
Frankräich
Première Sortie 2021
2021 war ee grousse Camp bis erof a Südfrankräich geplangt, duerch d’Bëschbränn, déi zu där Zäit awer a Südfrankräich waren hu mir eis kuerzfristeg dozou entscheet, just bis an d’Jura Gebirge ze fueren. Do hunn mir eis puer gemittlech Deeg mat Wanderen, Action Aktivitéiten a leckerem Iesse gemaach 🥾
Keep running 2017
2017 hunn d’RaRo just vereenzelt gemeinsam Deeg fonnt, wou si konnten op de Camp goen. Sie hunn sech dozou entscheet ee Camp Volant an de Vogeesen ze maachen. Nodeems si deen éischten Owend hir Zelter zwee mol opgeriicht hunn, well d’Wiss mam Stéier hinnen dunn trotzdeem ze geféierlech ginn ass, ass de Camp awer relativ gutt verlaf 🐂
Summit to sea 2015
Am Summer 2015 hu mir eis op de Wee gemaach op eise Summercamp.
De Wee huet eis op Corsica gefouert, wou mir de bekannte Wanderwee GR20 gaange sinn. Opgrond vu puer Erlierfnisser hu mir eise Wee zwar missen eemol ënnerbriechen, mä dëst huet eis d’Chance ginn fir nach vill aner flott Plazen op Corsica ze gesinn. 🥾