Dänemark
Ruppsåkk 2022
2022 hunn mir ee Roadtrip duerch Däitschland, Dänemark, Norwegen a Schweden gemaach. An Dänemark hunn mir am ganzen dräi Deeg geschlof a mir hunn ni een Zelt opgeriicht. Mir hunn ëmmer a sougenannten “Shelteren” geschlof. Dat sënn sou kleng Hütten, bei deenen et heescht den éischten ass fir, an deenen een einfach schlofen däerf. Dat war schonn een zimmlech coolt Erliefnis a méi Natur geet bal net 🏞️