Brasilien

Odyssee 2016 - Brasilien

Nom Odyssee-Projet am Joer 2013, si mir 2016 nach eemol zréck a Brasilien geflunn. De Partner an d’Ziler waren nach ëmmer déi selwecht. Just d’Plaz, op där mir de Projet realiséiert hunn, war eng aner.

Zu dräi RaRo si mir am Summer 2016 op Itambé am Bundesstat Pernambuco, am Nord-Oste vu Brasilien fir do ze hëllefen eng Schoul ze vergréisseren. Zesumme mat eisem lokale Partner hu mir een zweete Stack op eng bestoend Schoul gebaut.

Och dësen Odyssee Projet war eng Erfaarung fir d’Liewen an eng gutt Geleeënheet fir nei Frëndschaften, nei Kulturen an nei Aventuren kennenzeléieren.

Odyssee 2013 - Brasilien

Als éischt mol, wisou gouf et iwwerhaapt dëse Projet, a wat waren eis Ziler?

Fir eis Ziler vun dësem Projet ze verstoen muss een eemol kuerz op d’Fakten an d’Grondlagen vu Brasilien a goen:

Brasilien ass ee Land wat knapp 3300 mol méi grouss ass wéi eist Lëtzebuerger Ländchen. Am Verglach ass souguer Europa kleng géigeniwwer Brasilien. Wa mir elo ee Bléck op d’Bevëlkerungsdicht werfen gesi mir, datt Lëtzebuerg mat enger Bevëlkerungsdicht vun 207 Awunner pro Quadratkilometer zéng mol méi dicht bewunnt ass wéi Brasilien. Et kéint een sech also denken, datt et a Brasilien jo mol keng Problemer op Grond vu Wunnraum dierfte ginn. Dës Iwwerleeung ass allerdéngs falsch. D’Majoritéit vu Grond a Buedem gehéiert de Groussmuechten, a soumat huet den Haaptdeel vun der Bevëlkerung keen Besetztum fir sech kënnen eng Existenz opzebauen.

Vill jonk Brasilianer gesinn keen aneren Auswee, wéi sech an grouss Stied ze emigréieren, an do op groussen Plantagen ze schaffen, wou se allerdéngs zum gréissten Deel ausgebeut ginn. Net seelen kommen déi Jonk hei mat Alkohol an Drogen a Kontakt, wou se dann endgülteg dran verfalen.

Eist Zil vun dësem Projet war et an engem Saatz gesot: “der Landflucht entgéint ze wierken”. An aneren Wierder: de Problem mat der Wuerzel ze paken. An éischter Linn kann ee sech villäicht net richteg virstellen, wéi een dat erreechen wëll. Mä och heifir muss een ee puer Erklärungen ginn:

Eise Projet gouf zesummen mam MCP duerchgefouert. Den MCP (“Mouvement des Communautés Populaires”) ass eng autonom Gemeinschaft, an där souwäit wéi méiglech alles gedeelt gëtt. Och leet den MCP vill Wäert op basisdemokratesch Entscheedungen. Mat dësen Iddien huet sech dëse Mouvement schonns an enger Partie Géigenden vu Brasilien néier gelooss an huet sougenannten “Centre Culturel Poplair” opgebaut. D’Zil ass et, datt d’Leit sech an dësen Haiser begéinen, organiséieren a weiderbilden. Zesumme Problemer léisen, déi eege Kultur fërderen, Revenuë schafen, … kuerz gesot: Gemeinschaft liewen a sou der Landflucht entgéintwierken.

Sou koum et am Summer also dozou, datt mir am Nord-Osten vu Brasilien, ee sou genannten Centre Culturel Populair opgebaut hunn. Nieft dem 2-Wöchegen Camp-Chantier hu mir och ganz vill Wäert op de sozialen Projet geluecht, an hu soumat een géigesäitegen Kulturaustausch dierften erliewen.

Een Erliefnis wat ech ni wärt vergiessen…

Däin Androck? Wat hues de erlieft? Géifs de nach eemol zréck goen? …

All dës Froen an nach vill méi krut ech gestallt, wéi ech no mengem 4-wöchegen Openthalt aus Brasilien erëm koum. Net op all Fro konnt ech eng Äntwert ginn. Et ass immens schwéier fir dat a Wierder ze faassen wat ech a Brasilien erlieft hunn. An dofir probéieren ech hei ee bëssen meng Andréck ze reflektéieren:

Wéi an engem éischten Artikel nozeliesen ass, war ech jo schonns virum Projet iwwert eng Woch lang zu Rio de Janeiro ënnerwee. Déi éischt Andréck déi ech hei erlieft hat, war just den Ufank: frëndlech an hëllefsbereet Mënschen, fir déi d’mënschlech Wäerter nach eng wichteg Valeur sinn. Um Wee op den Projet hunn ech mir vill Virstellungen gemaach wéi dat ganzt kéint ausgesinn. Ech hu mir probéiert ee Bild vum Ganzen ze maachen. Op der Plaz ukomm, war ech begeeschtert wéi frou mir vun den Brasilianer empfang goufen. Mat Musek an Emärmungen goufe mir vun Leit opgeholl déi mir bis ewell just vu Fotoen kannt hunn.

Trotz de verschiddenen Sproochen huet een sech verstanen. Sief et um Chantier, bei den Atelieren oder beim Ausféieren vun den Chargen, et war ëmmer eng gutt Stëmmung do, an et huet een zesummen gelaacht. Dat wat Ufanks nach mat Hänn a Féiss ausgedréckt gouf, konnte mir spéider souguer méi oder wéineger mat Schwätzen erreechen. Sief et d’Brasilianer déi Lëtzebuergesch geschwat hunn, oder Lëtzebuerger déi Brasilianesch geschwat hunn. Meeschtens koumen zwar ganz speziell Sätz eraus, mä et konnt een awer iergendwéi ënnerteneen Kommunizéieren. 

Am Laf vun der Zäit hunn sech Frëndschaften gebilt. An sou schéin déi Zäit vu mengem Openthalt a Brasilien och war, ëmsou méi schwéier war et Äddi ze soen. Den Hannergedanken am Kapp, datt sech déi Méiglechkeet villäicht net méi bitt, eng Kéier zréckzegoen, huet den Abschid nach ee gutt Stéck méi schwéier gemaach.

Obwuel et eis um Chantier u modernen Hëllefsmëttel gefeelt huet, fir no deem Standard ze bauen, wéi mir en zu Lëtzebuerg kennen, sou goufen déi einfachste an effektivsten Methoden ugewend fir Problemer ze léisen.

De Kulturënnerscheed huet sech och immens gewisen, ufänken kéint een beim Iessen an ophalen bei den Liewensastellungen. An spéitstens um Enn vum Projet huet een gemierkt, datt mir eigentlech op dëser Basis méi vun den Brasilianer kënne léieren wéi si vun eis.

Den Camp-Chantier wéi och den sozialen Deel um Projet hunn sech mat enger rasanter Vitesse entwéckelt, et war also all Grond do, op dat houfreg ze sinn wat mir op eisem Projet errecht hunn. 

An wann der mech frot, op ech nach eemol zréck géif goen, dann fann dir d’Äntwert a mengem Artikel vun 2016 😉

Een Temoignage vum Cédric Malek

JMJ 2013 – Rio de Janeiro

Knapp zréck vum AvEx-Camp zu Viichten, setzen ech zesumme mat zwee Scouts-Frënn am Fliger um Wee op d’JMJ zu Rio de Janeiro. No eiser knapp 14 Stonnen-Rees si mir um Internationale Flughafe vu Rio de Janeiro gelant. Kaum ee vun eis dräi konnt op der Reess een Aen zou maachen.

Am Zentrum vu Rio de Janeiro ukomm, hu mir net schlecht misse staunen, wéi feierlech an voller Freed mir vun den volontairen Organisateuren empfaange goufen. Nodeems mir eis eng Grimmel ausgerascht haten, goufe mir vun enger brasilianescher Fra invitéiert een Tour duerch Rio ze maachen. Eisen éischte Kontakt mat de Brasilianer huet eis d’Aen opgemaach. mir waren erstaunt wéi oppen d’Brasilianer sinn an, dass Si trotz hirer schwiereger Liewenssituatioun engem alles fir d’Wuelgefill ginn.

Am Laf vun eisem Openthalt zu Rio de Janeiro, hu mir eis Schlofplaz méimols missen wiesselen, mä egal bei wéi enger Famill mir ënner koumen, sou goufe mir ëmmer mat Häerzen empfaangen. All Dag hu mir op een neits nei Scouten aus aller Welt kennegeléiert, nei Brasilianer déi sech fir eist Scouts-Mouvement interesséiert hunn, oder einfach fei Leit déi mat eis schwätze wollten.

Sou schwéier et och war Äddi ze soe konnt een d’Zäit net unhalen. Eis Rees goung soumat den 30. Juli 2013 weider, fir am Nord-Oste vu Brasilien eisen Entwécklungsprojet am Kader vun der Odyssee 2013 an Ugrëff ze huelen.

Am Laf vum Liewe gesäit ee vill, et héiert ee vill an et erlieft ee vill, mä dat wat mir a Brasilien erlieft hunn, huet eis een neit Bild iwwert d’Mënschlechkeet ginn.

Een Temoignage vum Cédric Malek