Op Entdeckungsrees bei den AvEx
AvEx, dat klengt vir t’Éischt emol no engem ganz exoteschen Numm, mee eigentlech ass et just eng Ofkierzung. “Av” steet fir Aventure an “Ex” fir Explorer an et ass genau di richteg Beschreiwung fir d’Branche AvEx an engem kuerze Wuert zesummen ze faassen
AvEx si Jonker vun 11 bis 14 Joer, déi duerch Abenteuer an Erfuerschung hier Ëmwelt besser kenne léieren, méi Selbststännegkeet gewannen a fir sech an anerer Verantwortung iwwerhuelen. “Learning by doing” an “Ask the boy/girl” sinn eis zwee wichtegst Mottoe vum Baden Powell, no deene mir eis riichten.
Eis ass et wichteg, déi Jonk bei der Organisatioun an Ausféierung vun Aktivitéiten anzebannen. Mir ginn hinnen d’Méiglechkeet hier Meenungen an Iddie bei deene verschiddensten Aufgaben an Aktiounen ze äusseren, eegestänneg ze handelen a Saachen auszeprobéieren. Genau sou sollen si hiert Wëssen an hier Talenter kënne mat an de Versammlungen abréngen.
Mir léiere Scoutstechnike kenne wéi zum Beispill Holz a Feier maachen, Kaarte liesen, Kniet a Konstruktioune bauen. Mee mir maachen och vill aner flott Aktivitéiten, dorënner: um Feier kachen, Spillnomëtteger, Sortien, d’Montée vir eis nei Memberen anzeweien, a villes méi. Dobäi duerf Spaass a Spill natierlech net feelen, well wat Spaass mécht a praktesch ëmgesat gëtt, léiert sech méi einfach!
Highlight vum Joer ass dann all Kéiers de Summercamp, wou mir vir 10 Deeg, meeschtens mat anere Scoutsgruppen, zesummeliewen. Hei kënnen déi Jonk sech austoben, an alles ausprobéiere wat se am Joer geléiert a gesinn hunn. Sou gëtt zum Beispill um Feier gekacht, woufir als éicht eng Kiche muss opgebaut ginn. Et gëtt an Zelter geschlof, déi als éischt selwer opgebaut musse ginn. Fir Owes bei engem Lagerfeier ze setzen, muss als éischt Holz kleng gemaach ginn, an duerno richteg ugefaange ginn. A wann et op den Hike geet, siche mir eis eise Wee mat Kaart a Kompass.