Gröstl

Persounen

4

Persounen
Preparatioun

40

Minutten
Kach Zäit

10

Minutten
Total Zäit

50

Minutten

Ee Klassiker bei eis um Niklosmaart, awer och um Camp hunn mir scho vun deem leckere Rezept profitéiert!

WAAT BRAUCH ECH?

  • 1 Kilo Gromper (Buppen)

  • 80 Gramm Ënnen

  • 2 Zéiwen Knuewelek

  • 150 Gramm Speck

  • 50 Gramm Botter

  • Oregano

  • Rosmarin

  • Paprika

  • Salz a Peffer

  • 4 Eeër

WAAT MUSS ECH MAACHEN?

  • D'Gromper an dënn Scheiwe schneiden an am Salzwaasser kachen
  • D'Pan waarm gi loossen a Botter dra schmëlzen
  • D'Gromper an de Speck ubroden
  • Alles gutt wierzen
  • An enger anerer Pan Spigeleeër broden
  • D'Gromper op den Teller an d'Spigelee iwwert d'Gromper
  • Bonna Bonna Petit!