Staangebrout
Persounen
4
PersounenPreparatioun
10
MinuttenRascht Zäit
30
MinuttenBak Zäit
10
MinuttenTotal Zäit
50
MinuttenWAAT BRAUCH ECH?
- Fir den Deeg
250 Gramm Miel
125 Milliliter waarmt Waasser
1 Pak dréchen Hief
1,5 Iessläffelen Olivenueleg
1 Téiläffel Salz
1 Pris Zocker
- Material
Holz
4 Äscht
WAAT MUSS ECH MAACHEN?
- Déi dreschen Zutaten mateneen an enger Schossel vermëschen an dono d'Waasser an den Ueleg dobäi ginn
- Alles gutt kniede bis een een elasteschen Deeg huet
- Mat engem Duch ofdecken an op mannst 30 Minutte stoe loossen
- Den Deeg a 4 Portiounen deelen, an déi eenzel Portiounen nach eng kéier kuerz op d'Säit stellen
- Eng Portioun Deeg zu enger laanger Wurscht formen a ronderëm d'Spëtzt vum Aascht wéckelen
- Den Aascht iwwert d'Glous halen a soulaang dréine bis d'Brout brong ass
- Bonna Bonna Petit!