Start vum Guiden- a Scoutsjoer:
"Pizza Editioun"
📅 03. Oktober 2026 🕦 ab 18:00 Auer

Ee puer Info's ...

Mir starten an dat neit Guiden- a Scoutsjoer!

Op engem gemittlechen Owend erzielen eis RaRo vun hieren Erfarungen a Brasilien a Georgien. Doriwwer eraus gi mir vill interessant Informatiounen iwwert dat bevirstoend Guiden- a Scoutsjoer an erzielen wat et Neies gëtt. Ee klenge Quiz soll dat ganz nach méi spannend maachen.

Mir hoffen op ee gemittlechen Owend mat leckeren Pizzen aus eisem selwer gebauten Pizza-Holzuewen.

Participatioun: 10,00 €/Persoun

Am Präiss ass d’Pizza “à volonté”, d’Gedrénks gëtt separat bezuelt.

Op der Plaz ka mat Cash, Payconiq a Wero bezuelt ginn.

Reservatioun