Faire Kaffi
|
||
|
Fir iwwert d'Konzept vun eisem Faire Kaffi ze schwätzen, blécke mer zréck op d'Joer 2011. Deemools koum an eisem Grupp d'Iddi op, fir am Kader vun der Kampagne, - haut ënnert dem Numm "Lëtz'Step to Fairtrade" bekannt, als Scoutsgrupp aktiv matzemaachen. Zesumme mam KultOUR-Dëppen Eesbéch, hu mer eis een Zil gesat: de Leit dobaussen ee gemittlecht Moies-Iessen un ze bidden, an si mat fair a regional gehandelte Produiten a selwer gebakenem Brout ze versuergen. No eisem éischten "Faire Kaffi" krute mer ee staark positive Feedback. Sou dass mer am Ofstand vun engem bis zwee Joer dës Aktioun mat sengem Konzept bäibehalen hunn. Eise Faire Kaffi huet sech a senger Form vu Joer zu Joer bësse verännert, sou dass mer och mol ee Brunch, spréch Moies- mat Mëtteg-Iessen ugebueden hunn, oder awer och d'Plaz vum Faire Kaffi vun Eesbéch an de Parc Housen geplënnert hunn. |
D'Reservatiounen fir d'Joer 2023 sinn op.