Einfachen Kontakt

Du hues nach Froen?

Da schéck deng Mail einfach op:

info@lgs-houhou.lu

Mer ginn eis Méi deng Fro esou séier wéi méiglech ze beäntwerten

 

Maach mat!

Scout ze sinn...

       ...dat ass dat schéinste Gléck

Wisou Scouten?

Scout ze sinn heescht neies entdecken, neies gesinn an neies bäiléieren. "Learning by doing" ass eng vun eisen Devisen, an dofir duerfs du bei de Scouten och mol selwer eppes ausprobéieren. Op dat an de Versammlungen, op enger Sortie oder op engem Camp ass, spillt keng Roll. A wa mer scho beim Camp sinn, weess du dass de Summercamp déi flottsten Zäit vum ganze Scoutsjoer ass? Nieft neie Frënn, neien Aventuren an engem flotte Programm léiers du nei Géigende kennen. All dëst wäerten deng Campen a flotter Erënnerung behalen. Mä natierlech sinn net nëmmen d'Campe flott, während dem ganze Joer léiers du an de Versammlungen nei Saache bäi, a villäicht och Saachen déis du esou nach net probéiere konnts: wéi zum Beispill selwer Feier maachen, Konstruktiounen opriichten, selwer kachen, an nach villes méi.
Wahrscheinlech ass et onméiglech an engem Text ze verfaasse wéi flott de Scoutismus ass, dofir läit et un dir. Maach mat, an iwwerzeeg dech selwer.

 

Maach mat...

       ...gëff och du Scout, an erlief eng onvergiesslech Zäit

 

Aschreiwung:

Member kanns du ginn andeems du de folgende Formulaire ausfëlls:

Aschreiwung (Online Formulaire)

 

"Schnupper-Versammlung":

Natierlech duerfs du och an eng Versammlung kucken kommen wat mer sou maachen. Komm dofir einfach an déi nächst Versammlung déi dengem Alter entsprécht:

Kuck hei fir eisen Kalenner an och eis Alters-Ënnerdeelungen (Branchen)

 

Kontakt:

Natierlech kënnt der eis och kontaktéiere fir weider Informatiounen ze kréien a méi präzis Froen ze stellen.

Schreift eis heifir einfach iwwert eise Kontakt-Formulair un. Gewéinlech kritt der innerhalb vun den nächste 24 Stonnen eng Äntwert.

 

Kontakt-Formular

 

 

Eise Site benotzt Cookies fir ee benotzerfrëndlechen Ëmgang um Site ze garantéieren. Mat der Notzung vun eisem Site erkläert dir Iech heimat averstanen.
Ok