Chrëschtbeemchen Bestellung

  

 


Duerch eng Kooperatioun mat eisem Partner, kënne mer Iech ab dësem Joer och Chrëschtbeemercher liwweren. Mer bidden Iech Nordmann-Dännen "Made in Luxembourg", déi bei eis an der Gemeng gewuess sinn. Dir kritt déi qualitativ héichwäerteg Nordmann Dännen a verschiddene Gréissten ze kafen.

Äre Chrëschtbeemche kritt dir natierlech och gratis heem geliwwert. Dir musst also just nach bestellen, de Rescht maache mer fir Iech!


Nodeems dir är Bestellung iwwert dëse Formulaire gemaach hutt, kritt dir eng Bestätegung per E-Mail geschéckt. Well mer dës E-Mail selwer schreiwen an individuell upassen, kann et ee kuerze Moment daueren, bis eis Äntwert bei Iech ukënnt.

Präisslëscht Nordmann Dännen:

Héischt

Präiss

1,40m 25€
1,60m 30€
1,80m 35€
2,00m 40€
2,20m 50€
2,40m 60€
2,60m 70€


 Selbstverständlech ginn är Kontakt-Donnéeë vertraulech behandelt a just am Kader vun eiser Chrëschtbeemchen Aktioun genotzt.

 

Opgepasst: Dës Offer gëllt just am Ëmkrees vun de Gemengen Parc Housen an Pëtschent.

 

 

Kontakt-Donnéeën
Bestellung


Tipp: Wann Dir méi wéi ee Chrëschtbeemchen bestelle wëllt, fëllt einfach zwee mol de Formulaire aus.
Info: Mer probéieren äre preferéierten Liwwerdatum anzehalen. Ënner Ëmstänn kann de Liwwerdatum ëm 2-3 Deeg ofwäichen.

Divers
Eise Site benotzt Cookies fir ee benotzerfrëndlechen Ëmgang um Site ze garantéieren. Mat der Notzung vun eisem Site erkläert dir Iech heimat averstanen.
Ok