D'Bestellungen fir d'Joer 2022 sinn zou. Merci a bis d'nächst Joer :)AdventskränzEis Adventskränz, ganz nom Motto Qualitéit statt Quantitéit! |
||
Am Joer 2013 hunn d'Ranger-Rover vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Mère Thérèse mat un den Odyssee-Projet'en a Bosnien, Brasilien, Georgien a Senegal Deel geholl. Dës Projet'en hunn eise RaRo awer een décke Batze Geld kascht, an dofir hu mer no enger Méiglechkeet gesicht fir déi jeeweileg Präisser ze kompenséieren. Well mer Member mat dem néidege Wëssen an der néideger Kompetenz haten, hu mer am Joer 2012 de Projet "Adventskränz" lancéiert. Eis Haaptziler war et de Leit een Adventskranz vun héijer Qualitéit zu engem faire Präis unzebidden. Zu deem hu mer grousse Wäert drop geluecht de Service unzebidden den Adventskranz fräi Heem ze liwweren. D'Qualitéit vun eisen Adventskränz, ass op déi héichwäerteg lëtzebuergesch Nordmannsdännen zréckzeféieren. Dobäi kënnt nach, dass eis Adventskränz eréischt kuerz virum éischten Advent gebonnen an dekoréiert ginn. Nëmmen esou kënne mer een Adventskranz ubidden deen nach frësch ass a gutt no Dänne richt. Fir d'Dekoréiere vun eisen Adventskränz gräife mer op héichwäerteg Käerzen zréck, déi net nëmmen een héije Sécherheetsstandard garantéieren, mä och bei richtegem Gebrauch net Drëpsen. Fir de Rescht vun der Dekoratioun gräife mer op eng Mëschung vun Naturprodukter aus eise Bëscher an engem ausgeglachenen Zousaz vu Floristen-Dekoratiounsmaterial zréck.
|