Escaperoom 2020
Save the Date
Mer soen eisen Teams vun 2019 ee grousse Merci fir hier Participatioun.
Är Begeeschterung huet eis motivéiert eng weider Editioun vun eisem Escaperoom ze lancéieren.

Haalt iech elo schonns den Datum fräi!

Aschreiwung an Informatiounen
Maach mat!
Du wëlls Member bei eis ginn? Hei geet et weider zu nëtzlechen Informatiounen iwwert deng Umeldung
Kalenner vun de Branchen abonnéieren...
Branchen-Kalenner
Hei geet et weider bei d'Beschreiwung wéi een sech d'Kalenner vum Grupp op den Smartphone oder Computer setzt.
RaRo Summercamp 2015 - Korsika
"Summit to Sea"
Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an...
AvEx Summercamp 2015 - am Fensterdall
"Ee richtege Scout"
Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982...

Wien si mir ?

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent"...Weider liesen...

Eis Branchen

Biber? Wëllefcher? AvEx? CaraPio? RaRo? Dir wësst näischt mat dësen Begrëffer unzefänken? Kee Problem, hei fann dir alles iwwert eis Branchen...Weider liesen...

Maach mat !

Du bass tëschent 6 an 23 Joer an un den Scouten interesséiert? Hei fënns du all wichteg Informatiounen fir mat ze maachen...Weider liesen...

Wat gëtt et neies ?

Escape Room 2019 - Info

Escape Room 2019

Escape Room - eng nei Art vun Adventure-Spill.

 

Mer soen all eisen Teams vum Joer 2019 Merci fir hier Participatioun un eisem Escaperoom 2019. Mer sinn houfreg iwwert är positiv Feedbacken an är enorm Begeeschterung. Dëst huet eis dozou motivéiert eng 5 Editioun vun eisem Escaperoom ze lancéieren. Mer freeën eis, iech den Datum vun der Editioun 2020 presentéieren ze duerfen. 

Reservéiert iech schonns den Datum fir d'nächst Joer.

 

  

Du an däin Team sidd an engem Raum gefaangen. Fir eraus gëtt et just ee Wee: zesummen denken an zesumme schaffen!

 

Packt dir et innerhalb vun enger Stonn all d'Rätselen an Aufgaben ze meeschteren? 

 

Maach mat bei eisem Escape Room 2019 - a stäerk deng Teamfähegkeet,
erweider deng Denkweis a gëff der den optimalen Adrenalinschub.

 

Mer gesinn eis den 28./29./30. Juni 2019 am Parc Housen.

 

Wat ass een Escape Room?

Bei eisem Escape Room gëss du an däin Team an engem Raum agespaart. Dir hutt genee 60 Minutten Zäit fir de Schlëssel ze fannen a fir nees aus dem Raum eraus ze kommen. Fir un de Schlëssel ze komme muss du an däin Team eng Rei Rätselen an Aufgaben léisen. Déi eenzel Rätselen an Aufgaben hänken all zesummen, esou dass d'Spiller ee roude Fuedem erkenne sollen.
Beim Spill kënnt et drop un, dass däin Team sech während deene 60 Minutte beréit an ofschwätzt: all Detail ass wichteg, a villäicht fält deem Enge jo eppes aneschteres op wéi deem Aneren!
Däin Team ass bereet fir eng onvergiesslech Aventure? Ma da mellt dech schnell un!

 

Reservatioun vum Escape Room

 

d'Reservatiounen sinn Offline. Bis d'nächst Joer :D

Adress vum Escape Room

  

Escape Room 2019
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Mère Thérèse Housen-Houschent
8A, Parc
L-9836 Hosingen

 Teaser: Escape Room 2019 am Parc Housen

 

 

Kalenner abonnéieren

Kalenner abonnéieren

Elo nach méi einfach! Abonnéier d'Kalennere vun de Housen-Houschenter Guiden a Scouten a sief ëmmer top aktuell informéiert! 

 

Gutt ze wëssen...

Dat eenzegt wats du brauchs si folgend zwou Saachen:

  • ee Smartphone mat engem QR-Code Scanner (oder ee Computer)
  • ee Google Kont mam Google Kalenner

 

Wéi funktionéiert dat ganzt?

  1. all Branche huet säin eegne Kalenner, déi och eenzel abonnéiert kënne ginn
  2. sich déi Branche eraus vun därs du de Kalenner gären abonnéiert häss
  3. scann de QR-Code mat dengem Smartphone
  4. maach de Link mat engem Web-Browser op a wiel "Ja, diesen Kalender hinzufügen"
  5. elo muss du just nach d'Synchroniséierungs-Astellung an denger Smartphone-Kalenner-App upassen a scho gëtt de Kalenner ugewisen an du hues ën ëmmer bei Hand!
  6. fir weider Kalenner ze abonnéiere brauchs du just d'Schrëtt 2-4 ze widderhuelen

 

Du benotzt gären däi Computer fir een oder méi Kalenner ze abonnéieren? Da klick mat der Maus op de QR-Code. Du kanns elo de Punkt 3 aus der Beschreiwung iwwersprangen, a beim Punkt 4 viru fueren.
Tipp fir Computer Benotzer

 

Froen oder Problemer?

Hues du nach Froen oder ee Problem? - Dann mellt dech ganz einfach beim Webmaster.

 

• Kontakt

 

w.e.g. auswielen Wëllefcher (8-11 Joer) AvEx (11-14 Joer) CaraPio (14-17 Joer) RaRo (17-23 Joer) Chef Frënn (Amicale)

 

Hei geet et bei déi al Methode/Erklärung: klick mech

Partner

Eis Partner - Interessant Adressen & Präsenzen


Beim Klicken op ee Link, gitt dir automatesch an enger neier Fënster op déi jeeweileg Internetsäit weidergeleet. Déi hei publizéiert Internetverlinkungen goufen all vun eis iwwerpréift, mä well sech eng Internetsäit rasant schnell entwécklen kann, iwwerhuelen mer keng Responsabilitéit fir den Contenu vun den hei ugebueden Internetsäiten. Fir den Contenu vun den jeeweilegen Internetsäiten ass an all Fall säin Auteur responsabel.

Frënn vun der Schlënner ASBL
Frënn vun der Schlënner
 
D’Frënn vun der Schlënner goufen den 23 Mee 2013 vun engem Grupp Studente gegrënnt.
Si hunn sech zesumme gedoe fir sech fir d’Regioun ëm d’Schlënner anzesetzen...

www.schlenner.org