8. Editioun vum
Faire Kaffi
Kommt a genéisst äert d'Mueres-Iessen op eisem Faire Kaffi den 14. Mee 2023. Op eisem Faire Kaffi gitt dir mat regionalen a faire Produite vu beschter Qualitéit verwinnt.
Aschreiwung an Informatiounen
Maach mat!
Du wëlls Member bei eis ginn? Hei geet et weider zu nëtzlechen Informatiounen iwwert deng Aschreiwung.
Kalenner vun de Branchen abonnéieren...
Branchen-Kalenner
Hei geet et weider bei d'Beschreiwung wéi een sech d'Kalenner vum Grupp op den Smartphone oder Computer setzt.
RaRo Summercamp 2015 - Korsika
"Summit to Sea"
Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an...
AvEx Summercamp 2015 - am Fensterdall
"Ee richtege Scout"
Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982...

Wien si mir ?

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent"...Weider liesen...

Eis Branchen

Biber? Wëllefcher? AvEx? CaraPio? RaRo? Dir wësst näischt mat dësen Begrëffer unzefänken? Kee Problem, hei fann dir alles iwwert eis Branchen...Weider liesen...

Maach mat !

Du bass tëschent 6 an 23 Joer an un den Scouten interesséiert? Hei fënns du all wichteg Informatiounen fir mat ze maachen...Weider liesen...

Wat gëtt et neies ?

Escape Room 2018 - Info

by Cédric Malek
in Uncategorised

Escape Room 2018

Escape Room - eng nei Art vun Adventure-Spill.

 

Du an däin Team sidd an engem Raum gefaangen. Fir eraus gëtt et just ee Wee: zesummen denken an zesumme schaffen!

 

Packt dir et innerhalb vun enger Stonn all d'Rätselen an Aufgaben ze meeschteren? 

 

Maach mat bei eisem Escape Room 2018 - a stäerk deng Teamfähegkeet,
erweider deng Denkweis a gëff der den optimalen Adrenalinschub.

 

Mer gesinn eis den 08./09./10. Juni 2018 am Parc Housen.

 

Wat ass een Escape Room?

Bei eisem Escape Room gëss du an däin Team an engem Raum agespaart. Dir hutt genee 60 Minutten Zäit fir de Schlëssel ze fannen a fir nees aus dem Raum eraus ze kommen. Fir un de Schlëssel ze komme muss du an däin Team eng Rei Rätselen an Aufgaben léisen. Déi eenzel Rätselen an Aufgaben hänken all zesummen, esou dass d'Spiller ee roude Fuedem erkenne sollen.
Beim Spill kënnt et drop un, dass däin Team sech während deene 60 Minutte beréit an ofschwätzt: all Detail ass wichteg, a villäicht fält deem Enge jo eppes aneschteres op wéi deem Aneren!
Däin Team ass bereet fir eng onvergiesslech Aventure? Ma da mellt dech schnell un!

 

Reservatioun vum Escape Room

 

 Reservatioun offline, Merci a bis nächst Joer ;-)

Adress vum Escape Room

  

Escape Room 2018
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Mère Thérèse Housen-Houschent
8A, Parc
L-9836 Hosingen

 Teaser: Escape Room 2018 am Parc Housen

 

 

Eise Site benotzt Cookies fir ee benotzerfrëndlechen Ëmgang um Site ze garantéieren. Mat der Notzung vun eisem Site erkläert dir Iech heimat averstanen.
Ok