Odyssee 2016 - Projet Brasilien“Pelo desenvolvimento,justiça e paz” Eng Odyssee fänkt un...... no net manner ewéi zwee Joer Organisatioun a Preparatioun si mer endlech ënnerwee. - Ënnerwee Richtung Itambé am Bundestaat Pernambuco am Nord-Oste vu Brasilien. No gudden zéng Stonne Fluch, si mer gutt zu Recife gelant, a mer si prett fir ganz geschwënn op eise Projet weider ze reesen. Mer freeën eis op vill onvergiesslech Erfahrungen, a schécken ee schéine Bonjour an eis Heemecht.
Fir de Projet Brasilien, Recife, 09. August 2016 | 16h45 (LUX: 21h45) |
Offline, Merci a bis d'nächst Joer

"Paddington 2015"Wëllefcher-Summercamp 2015 zu Munzen
De 17. Juli 2015 sinn d’Wëllefcher vun Housen-Houschent an Esch-Grenz zu Munzen um Sammeshaff ukomm. Do huet si eng ganz besonnesch Woch voller flotter Aktivitéiten erwaart. Awer als aller éischt war bei eise Wëllefcher e bësse Fräizäit ugesot, fir sech kennen ze léieren a sech anzeriichten. Nom Iessen goung et dunn awer och scho lass mat der éischter Veillée: hei krute si an engem flotten interaktiven Theaterstéck gewisen, wéi de Paddington mat sengem Monni a senger Tatta am Peru gelieft huet.
Dee nächsten Dag ass et dunn op de Rallye gaang - euhm pardon - natierlech dem Paddington seng Rees aus Peru an déi englesch Haaptstad, London. Eise Wee war natierlech net esou wäit, mee ëmmerhi si mir ganz daper vu Munzen bis op Klierf getrëppelt. Mëttes hate mir eis alleguerten dunn eng kleng Paus zu Reiler op enger Grillplaz verdéngt. No enger gudder Stäerkung si mir dunn all weider bis op Klierf gebëselt, wou d’Kanner dunn d’Geschicht duerch een Theaterstéck weider erzielt kruten. Zréck zu Munzen hu mir dunn all zesummen zu Nuecht giess. Duerno war et un der Zäit fir eis spirituell Veillée: op verschidden Aart a Weisen hu mir probéiert eise Wëllefcher ze vermëttelen, wéi flott et an enger Famill mat guddem Zesummenhalt ka sinn. An elo awer séier an d’Bett! No där laanger Rees war souguer am Meedercherszëmmer séier Rou, et hätt een dem Paddington säin Hutt falen héieren ;-) Den Dag drop war eng Sortie virgesinn: Mam Bus op Dikrech an d’Schwämm! Well déi Zäit och Dikrech Plage war, konnten d’Kanner dobausse Fussball a Beachvolleyball spillen. Zréck zu Munzen war et dunn nees esou wäit: Mir hu misse paken. Mee Zäit fir Quatsch ze maachen, war nach genuch (Foto). Nodeems mer alleguerten giess haten an d’Chargen gemaach goufen, war et dunn esou wäit, eis legendär Abschidsparty stoung virun der Dier. Dee leschten Dag war ugebrach an et huet missen esou Munches gebotzt ginn. Natierlech hunn och eis Wëllefcher eng Hand mat ugepak. Duerno war nach Zäit fir de Bilan an eng ofschléissend Gruppefoto. De Camp ass ouni weider Schwieregkeeten ofgelaf, wat mir eiser Chefen-, wéi och eiser super Wëllefchersequipe ze verdanken hunn. Eng schéi Woch, di mir sécherlech sou séier net wäerte vergiessen.
d'Wëllefcher-Chefekipp
Weideres...
|