Aschreiwung an Informatiounen
Maach mat!
Du wëlls Member bei eis ginn? Hei geet et weider zu nëtzlechen Informatiounen iwwert deng Aschreiwung.
Kalenner vun de Branchen abonnéieren...
Branchen-Kalenner
Hei geet et weider bei d'Beschreiwung wéi een sech d'Kalenner vum Grupp op den Smartphone oder Computer setzt.
RaRo Summercamp 2015 - Korsika
"Summit to Sea"
Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an...
AvEx Summercamp 2015 - am Fensterdall
"Ee richtege Scout"
Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982...

Wien si mir ?

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent"...Weider liesen...

Eis Branchen

Biber? Wëllefcher? AvEx? CaraPio? RaRo? Dir wësst näischt mat dësen Begrëffer unzefänken? Kee Problem, hei fann dir alles iwwert eis Branchen...Weider liesen...

Maach mat !

Du bass tëschent 6 an 23 Joer an un den Scouten interesséiert? Hei fënns du all wichteg Informatiounen fir mat ze maachen...Weider liesen...

Wat gëtt et neies ?

JMJ 2013 - Rio de Janeiro

 

JMJ 2013 – Rio de Janeiro

Weltjugendeeg zu Rio de Janeiro 2013

 

Knapp zréck vum AvEx-Camp zu Viichten, setzen ech zesumme mat zwee Scouts-Frënn am Fliger um Wee op d’JMJ zu Rio de Janeiro. No eiser knapp 14 Stonnen-Rees si mer um Internationale Flughafe vu Rio de Janeiro gelant. Kaum ee vun eis dräi konnt op der Reess een Aen zou maachen.

Am Zentrum vu Rio de Janeiro ukomm, hu mer net schlecht misse staunen, wéi feierlech an voller Freed mer vun den volontairen Organisateuren empfaange goufen. Nodeems mer eis eng Grimmel ausgerascht haten, goufe mer vun enger brasilianescher Fra invitéiert een Tour duerch Rio ze maachen. Eisen éischte Kontakt mat de Brasilianer huet eis d’Aen opgemaach. Mer waren erstaunt wéi oppen d’Brasilianer sinn an dass Si trotz hirer schwiereger Liewenssituatioun engem alles fir d’Wuel-Fille ginn.

Am Laf vun eisem Openthalt zu Rio de Janeiro, hu mer eis Schlofplaz méimols missen wiesselen, mä egal bei wéi enger Famill mer ënner koumen, sou goufe mer ëmmer mat Häerzen empfaangen. All Dag hu mer op een neits nei Scouten aus aller Welt kenne geléiert, nei Brasilianer déi sech fir eist Scouts-Mouvement interesséiert hunn, oder einfach fei Leit déi mat eis schwätze wollten.

Sou schwéier et och war Äddi ze soe konnt een d’Zäit net unhalen. Eis Rees goung soumat den 30. Juli 2013 weider, fir am Nord-Oste vu Brasilien eisen Entwécklungsprojet am Kader vun der Odyssee 2013 an Ugrëff ze huelen.

 

Am Laf vum Liewe gesäit ee vill, et héiert ee vill an et erlieft ee vill, mä dat wat mir a Brasilien erlieft hunn, huet eis een neit Bild iwwert d'Mënschlechkeet ginn.

 

Malek Cédric
12. September 2013

 
 

Weideres...

Foto’en JMJ 2013

Artikel am Wort

Artikel Odyssee 2013 – Brasilien

Odyssee 2013 - Senegal

 

Odyssee 2013 - Senegal

den Odyssee Projet 2013 am Senegal

Nodeems fir mech am November 2012 fest stoung, dass ech puer Méint dono an de Senegal géif goe war ech richteg frou an opgereegt. Des Motivatioun huet leider no an no e bëssen ofgeholl well ech duerno vill iwwerluecht hunn an ech net richteg wosst wat mech dohanne géif erwaarden. Mä wei d’Rees dunn virun der Dir stoung huet sech d’Opreegung rëm breed gemaach. Rucksak apaken, rëm auspaken, ëmpaken, hunn ech da lo alles? Wat erwaard mech da lo dohannen, wei sinn d’Leit a.s.w. dat ass alles op eemol a mengem Kapp ronderëm gaang. Dobäi koum och nach d’Opreegung virum Fluch well ech nach ni geflu war. Nom Start war dann déi éischt Berouegung do well ech de Fluch awer genéisse konnt. 
Am Senegal gelant, no laangem waarden dass mir um Fluchhafen duerch d’Kontroll koumen an no enger laanger Faart, matzen an der Nuecht, zesumme gedréckt an zwee klenge Busser, si mir dunn op eiser Campplaatz ukommen. Mir goufe mat vill Musek, Danz a Spaass empfaang obwuel et schonn dräi Auer an der Nuecht war. An an deem Moment si bei mir all d’Zweiwel, déi ech iergendwéi hat, verschwonn.
Mir hu mat senegaleseschen an nigeresche Scouten um Camp zesumme gelieft an hunn mat hinen um Chantier deen am C.R.E.P.E. (Centre de ressources éducationnelles et de promotion des enfants) geplangt war, geschafft. D’Haaptaarbechte waren d’Renovéiere vun de Gebaier an opbaue vun enger Spillplaz. Ofgesi vum Chantier stoung den Austausch zwësche verschiddene Kulturen och am Virdergrond. Mir hunn vill vun der Senegalesescher/Nigerescher Kultur gesinn, mee och mir hunn hine Saachen aus eiser Kultur gewisen.
Mä dat wat mir am meeschten an Erënnerung bliwwen ass an dat wat mech am meeschte beandrockt huet ass d’Häerzlechkeet vun de Mënschen dohannen. Do kann sech all Mënsch vun hei eng grouss Scheif ofschneiden. Ech fannen et einfach bewonnerenswärt wei Zefridden d’Leit sinn och wann se net vill hunn an a schwierege Situatioune liewen. Dat ass dee beschte Beweis dofir dass Materialismus net alles ass, mä dass et och op mënschlech Wäerter ukënnt fir a sengem Liewen ee Stéck méi Glécklech ze ginn. 
No deenen zwou Wochen am Senegal war den Abschied vun den neigewonnene Frenn ganz schwéier an ech war richteg traureg vir rëm zréck a Lëtzebuerg ze komme well ech mech am Senegal richteg wuel gefillt hunn, och wann et munchmol zimlech ustrengend war sief et wéinst dem Wieder, dem Mangel u Schlof, de Sanitären Ëmstänn etc. (eigentlech war dat eenzegt wat ech sou richteg vermësst hunn eng propper Toilett. Mat all deenen anere Saache konnt ech mech offannen) Zréck a Lëtzebuerg hunn ech och eng Zäitche gebrauch fir mech rëm ëm ze gewinnen an hat mech Zäitweis bësse verluer gefillt wéinst deene groussen Ënnerscheeder zwëschent deenen zwee Länner.
Ech hunn vill richteg schéin awer och manner schéin Erfahrunge gesammelt, déi meng Aart a Weis ze denke geännert hunn an déi ech ëmmer a mengem Häerz droe wärt. A fir mech steht ouni Zwäifel fest dass ech nach eng Kéier an den Senegal zréck ginn.

Fir méi iwwert den Projet, deen schon säit 25 Joer besteet,  gewuer ze ginn, deen vun der ONG vun den Letzebuerger Guiden a Scouten an Zesummenarbescht mat den Éclaireuses et Éclaireurs du Sénégal ennerstetzt get, kennt dir iech ennert folgendem Link informéieren:

 

Helène Müller
06. Dezember 2013

 
 

Weideres...

Projet Senegal