Escaperoom 2020
Save the Date
Mer soen eisen Teams vun 2019 ee grousse Merci fir hier Participatioun.
Är Begeeschterung huet eis motivéiert eng weider Editioun vun eisem Escaperoom ze lancéieren.

Haalt iech elo schonns den Datum fräi!

Aschreiwung an Informatiounen
Maach mat!
Du wëlls Member bei eis ginn? Hei geet et weider zu nëtzlechen Informatiounen iwwert deng Umeldung
Kalenner vun de Branchen abonnéieren...
Branchen-Kalenner
Hei geet et weider bei d'Beschreiwung wéi een sech d'Kalenner vum Grupp op den Smartphone oder Computer setzt.
RaRo Summercamp 2015 - Korsika
"Summit to Sea"
Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an...
AvEx Summercamp 2015 - am Fensterdall
"Ee richtege Scout"
Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982...

Wien si mir ?

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent"...Weider liesen...

Eis Branchen

Biber? Wëllefcher? AvEx? CaraPio? RaRo? Dir wësst näischt mat dësen Begrëffer unzefänken? Kee Problem, hei fann dir alles iwwert eis Branchen...Weider liesen...

Maach mat !

Du bass tëschent 6 an 23 Joer an un den Scouten interesséiert? Hei fënns du all wichteg Informatiounen fir mat ze maachen...Weider liesen...

Wat gëtt et neies ?

Lass loossen bei de Scouten

 

Lass loossen, an awer nach matschaffen!

Een Artikel vum Jacquel

 

Lass loossen, an awer nach matschaffen!

No 25 Joer Opbau vun eisem Guide/Scoutsgrupp ass et fir mech un der Zäit, als Gruppechef, a meng wuel verdéngte Pensioun ze goen.

Et ware Joere mat Héichten an Déiften, et mécht kee Sënn dorop anzegoen an hei lo alles opzezielen.

Vill, vill Kanner a Jugendlecher hunn ech op dësem Wee kenne geléiert. Eng bëssi besser wéi déi aner, wat bedéngt doduerch war dass se méi laang derbäi waren. Ech hunn kee gäre goe gelooss, well et ass e jo zesummen e Wee vum Liewe gaang.  

Merci well ech heimat iech all soen. Dir all waart fir mech e Stéck vum Grupp. De Chalet steet, een Ënnerdaach ass geséchert. Eise Grupp ass stabil mat enger flotter Chefequipe.

Ech wënsche mengen 2 Nofolger als Gruppechef dem Sylvie a Christiane toy,toy,toy, haalt iech um roude Fuedem fest. Spaant um groussen Netz vun de Verknëppunge mat anere Gruppe weider. Verléiert awer dobäi ni eise Grupp aus den Aen. Sou gëtt en zu eng grousser Famill déi duerch d'ganz Welt sech verbënnt, nëmmen sou kenne mir um Fridde vun der Welt matschaffen.

Ech well iech an Zukunft weider mat menger Ënnerstëtzung erhale bleiwen, an am Grupp vun de "Frënn vun de Scouten" weider matschaffen.

 

Emol Scout, ëmmer Scout
D'lénks Patt
Jacquel

 

 

 

 

Aweiung vum Chalet

 

Ee laange Camp Volant geet zu Enn...

 

 

 

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988, aus dem Parverband Housen-Houschent als Scouten "Mère Thérèse".

Zu Lëpschent, wou mer eis Ufanks zu engem stännege Grupp wollten entwécklen, hu mer eis awer och schonns erëm missen op de Wee maachen, fir een neit Ënnerdaach-Sinn ze fannen. Zu Eesbéch hu mer eis dunn erëm néier gelooss, wou mer nei Energie getankt hunn an nei Memberen opgeholl hunn. Laang sollte mer hei awer net bleiwen, well d'Rees huet eis op een neits mat gerappt. Nodeems de schwéiere Bierg aus dem Eesbécher-Dall op Housen erop gepackt war. Hu mer eis fir eng drëtt Kéier missen asetzen fir een Ënnerdaach ze kréien. Vill ze oft hu mer zu Housen missen hin an hier wanderen, wat eis awer net dovunner ofgehal huet ee méi grousse Grupp ze ginn.

Eng läschte Kéier sollt et dunn erëm op den Hike goen. Kuerz virun eiser bal 25-järeger Rees, koum et den 13. Abrëll 2013 endlech zum Entschloss, dass mer eise Camp Volant erfollegräich am Parc Housen dierften ofschléissen.

Op eiser laanger Rees hu mer vill gesinn, vill mat gemaach an vill geléiert. All déi Momenter déi laanscht eis gezu sinn, hunn eis zu deem gemaach wat mer haut sinn.

An zur haiteger Zäit, Owes beim Lagerfeier, wann mer Lidder sangen an eis Geschichten iwwert d'vergaangen Zäiten erzielen, wiisst eis Freed an eise Stolz, wann mer zréck denken, wéi vill Steng mer aus dem Wee geraumt hunn an wat fir ee schwéieren Hike mer hannert eis hunn.

Trotz Héichten an Déiften sinn mer gutt an eisem Chalet ukomm.

 

Op dëser Plaz soe mer nach eemol ee grousse Merci un déi 4 Gemengen, an dem Parverband fir d’Ënnerstëtzung an all deene Joeren. Mer soen awer och dem SISPOLO, der Madame Marie Josée Jacobs an och dem Här Marco Schank Merci fir eist neit Doheem am Parc Housen. 

 
Fir de Grupp
Cédric Malek

 

 

 

 

Mère Thérèse

 

Eise Grupp...

...ee Stéckelche Geschicht

 

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent". Am September 1989 hate mir eis éischt Versammlung zu Lëpschent. Vill Weekender, Campen a Versammlungen goufen organiséiert, woubäi mir och während ville Joeren Theater gespillt hunn. Am Joer 1996, wéi d'Guiden a Scouten fusionéiert hunn, sinn och aus den "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent" d'"Lëtzebuerger Guiden a Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent" ginn.

Well mir am Laf vun eiser Geschicht keng eege Raimlechkeeten haten, si mir vu Lëpschent fort no Eesbéch gezunn, a vun do op Housen, wou mer dunn vu Sall zu Sall gezu sinn. Am Fréijoer 2013 war et endlech esou wäit, eise Chalet am Parc Housen gouf ageweit, a mer konnten eis laangjäreg Rees endlech ofschléissen.

Am Fréijoer 2015, huet eise Grupp seng 25 Joer gefeiert. Zesumme mat eiser 25 Joer Feier däerfte mer och een neie Fändel deefen, op deem de Schrëftzuch "Grupp Mère Thérèse aus dem Parc Housen" ze liesen ass. Et gëtt ëmmer gesot: gutt Gewunnechte soll een sech net of winnen, an dofir hu mer näischt dogéint dobaussen weiderhin, - trotz eisem neien offiziellen Numm, mam Numm "HouHou" begréisst ze ginn.

Eise Grupp zielt zur haiteger Zäit knapp 60 Memberen, hei drënner ziele mer d‘Chef'en, d'Mataarbechter, Jongen a Meedercher vu verschiddenen Altersgruppen.

 

 

Bei Froen...

Hutt dir nach Froen? - Dann kontaktéiert eis ganz einfach.

Kontakt