Escaperoom 2020
Save the Date
Mer soen eisen Teams vun 2019 ee grousse Merci fir hier Participatioun.
Är Begeeschterung huet eis motivéiert eng weider Editioun vun eisem Escaperoom ze lancéieren.

Haalt iech elo schonns den Datum fräi!

Aschreiwung an Informatiounen
Maach mat!
Du wëlls Member bei eis ginn? Hei geet et weider zu nëtzlechen Informatiounen iwwert deng Umeldung
Kalenner vun de Branchen abonnéieren...
Branchen-Kalenner
Hei geet et weider bei d'Beschreiwung wéi een sech d'Kalenner vum Grupp op den Smartphone oder Computer setzt.
RaRo Summercamp 2015 - Korsika
"Summit to Sea"
Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an...
AvEx Summercamp 2015 - am Fensterdall
"Ee richtege Scout"
Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982...

Wien si mir ?

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent"...Weider liesen...

Eis Branchen

Biber? Wëllefcher? AvEx? CaraPio? RaRo? Dir wësst näischt mat dësen Begrëffer unzefänken? Kee Problem, hei fann dir alles iwwert eis Branchen...Weider liesen...

Maach mat !

Du bass tëschent 6 an 23 Joer an un den Scouten interesséiert? Hei fënns du all wichteg Informatiounen fir mat ze maachen...Weider liesen...

Wat gëtt et neies ?

AvEx

Ee kuerzen Iwwerbléck zu der Branche "AvEx"

 

 

WIEN SI MER ?

Ënner der Branche "AvEx"  (Aventuren & Explorer) versti mir d'Branche fir Jongen a Meedercher vun 11 bis 14 Joer.

Zesumme mat hire Chef treffe Si sech regelméisseg fir interessant an dem Alter entspriechend Aktivitéiten, Spiller wéi och Sortie'en ze maachen, fir d'Natur kennen ze léieren a fir zesumme Spaass ze hunn. Zu de wichtegste Punkte bei den AvEx zielen d'Zesummeliewen a Patrullen, sou wéi d'Kenneléiere vu wichtege Scoutstechniken. Nieft dësen Aktivitéite ginn och mol Weekender a Camp'en mat de verschiddensten Themen organiséiert.

D'Scoutsjoer geet bei dëser Branche mat engem grousse Summercamp op een Enn. D'Liewen um Camp ass den Héichpunkt vum Joer, hei kënnen déi Jonk sech austoben, an alles ausprobéiere wat se am Joer geléiert a gesinn hunn. Sou gëtt zum Beispill um Feier gekacht, mä heifir gëtt als éischt eng Kichen opgebaut. Et gëtt an Zelter geschlof, mä déi mussen och als éischt opgebaut ginn. Fir Owes bei engem Lagerfeier ze setzen, muss als éischt Holz kleng gemaach ginn, an duerno richteg ugefaange ginn. A wann et op den Hike geet, siche mer eise Wee mat Kaart a Kompass.

All dëst, an nach vill méi mécht deng AvEx-Zäit zu engem wichtege Moment an denger Scoutscarrière.

 

 

MAACH MAT!

Du wëlls een AvEx vun eis ginn? - Kee Problem, du duerfs zu jiddwer Zäit an eng Versammlung laanscht kucke kommen!

D'Datumer an d'Zäite vun eise Versammlunge fënns du hei lénks ënnert dem Menü. Oder am groussen Kalenner vun eisem Site.

 

BEI FROEN...

Hues du nach Froen? - Dann mellt dech ganz einfach bei eis.

 

• Kontakt

Wëllefcher

Ee kuerzen Iwwerbléck zu der Branche "Wëllefcher"

 

 

WIEN SI MER ?

Ënner der Branche "Wëllefcher" versti mir d'Branche fir Jongen a Meedercher vun 8 bis 11 Joer.

Zesumme mat hire Chef ënnerhuele Si interessant an dem Alter entspriechend Aktivitéiten, Spiller wei och Sortie'en. Nieft dësen Aktivitéite ginn och mol Weekender zu de verschiddensten Themen organiséiert. D'Scoutsjoer gëtt bei dëser Branche mat engem grousse Summercamp ofgeschloss. Heibäi iwwernuechten d'Wëllefcher normalerweis an engem Chalet.

 

 

 

MAACH MAT!

Du wëlls ee Wëllefchen vun eis ginn? - Kee Problem, du duerfs zu jiddwer Zäit an eng Versammlung laanscht kucke kommen!

D'Datumer an d'Zäite vun eise Versammlunge fënns du hei lénks ënnert dem Menü. Oder am groussen Kalenner vun eisem Site.

 

BEI FROEN...

Hues du nach Froen? - Dann mellt dech ganz einfach bei eis.

 

• Kontakt

CaraPio

Ee kuerzen Iwwerbléck zu der Branche "CaraPio"

 

 

WIEN SI MER ?

Ënner der Branche "CaraPio" (Caravellen & Pionéier) versti mir d'Branche fir Jongen a Meedercher vu 14 bis 17 Joer.

Zesumme mat hire Chef treffe Si sech regelméisseg fir gréisser Aktivitéiten a Projeten ze plangen an ze ënnerhuelen. Nieft dësen Aktivitéite ginn och mol Weekender a Camp'en mat de verschiddensten Themen organiséiert. D'Scoutsjoer gëtt bei dëser Branche mat engem grousse Summercamp ofgeschloss, woubäi dëse meeschtens am Ausland ass, an esou d'Méiglechkeet op international Frëndschafte besteet.

De CaraPio ass an engem Alter wou en ufänkt seng Grenze kennen ze léiere wéi och selbstänneg ze ginn. Bei de Scoute gëtt hien dofir an engem wichtege Liewensofschnëtt begleed a gefuerdert.

 

 

MAACH MAT!

Du wëlls een CaraPio vun eis ginn? - Kee Problem, du duerfs zu jiddwer Zäit an eng Versammlung laanscht kucke kommen!

D'Datumer an d'Zäite vun eise Versammlunge fënns du hei lénks ënnert dem Menü. Oder am groussen Kalenner vun eisem Site.

 

BEI FROEN...

Hues du nach Froen? - Dann mellt dech ganz einfach bei eis.

 

• Kontakt