Escaperoom 2020
Save the Date
Mer soen eisen Teams vun 2019 ee grousse Merci fir hier Participatioun.
Är Begeeschterung huet eis motivéiert eng weider Editioun vun eisem Escaperoom ze lancéieren.

Haalt iech elo schonns den Datum fräi!

Aschreiwung an Informatiounen
Maach mat!
Du wëlls Member bei eis ginn? Hei geet et weider zu nëtzlechen Informatiounen iwwert deng Umeldung
Kalenner vun de Branchen abonnéieren...
Branchen-Kalenner
Hei geet et weider bei d'Beschreiwung wéi een sech d'Kalenner vum Grupp op den Smartphone oder Computer setzt.
RaRo Summercamp 2015 - Korsika
"Summit to Sea"
Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an...
AvEx Summercamp 2015 - am Fensterdall
"Ee richtege Scout"
Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982...

Wien si mir ?

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent"...Weider liesen...

Eis Branchen

Biber? Wëllefcher? AvEx? CaraPio? RaRo? Dir wësst näischt mat dësen Begrëffer unzefänken? Kee Problem, hei fann dir alles iwwert eis Branchen...Weider liesen...

Maach mat !

Du bass tëschent 6 an 23 Joer an un den Scouten interesséiert? Hei fënns du all wichteg Informatiounen fir mat ze maachen...Weider liesen...

Wat gëtt et neies ?

Faire Kaffi

 

Faire Kaffi

 

Fir iwwert d'Konzept vun eisem Faire Kaffi ze schwätzen, blécke mer zréck op d'Joer 2011. Deemools koum an eisem Grupp d'Iddi op, fir am Kader vun der Kampagne, - haut ënnert dem Numm "Lëtz'Step to Fairtrade" bekannt, als Scoutsgrupp aktiv matzemaachen. Zesumme mam KultOUR-Dëppen Eesbéch, hu mer eis een Zil gesat: de Leit dobaussen ee gemittlecht Moies-Iessen un ze bidden, an si mat fair a regional gehandelte Produiten a selwer gebakenem Brout ze versuergen.

No eisem éischten "Faire Kaffi" krute mer ee staark positive Feedback. Sou dass mer am Ofstand vun engem bis zwee Joer dës Aktioun mat sengem Konzept bäibehalen hunn. Eise Faire Kaffi huet sech a senger Form vu Joer zu Joer bësse verännert, sou dass mer och mol ee Brunch, spréch Moies- mat Mëtteg-Iessen ugebueden hunn, oder awer och d'Plaz vum Faire Kaffi vun Eesbéch an de Parc Housen geplënnert hunn.

 

 

 

 

 

 

 

Hëllef

 

Hëllef

Hei eng Iwwersiicht mat nëtzlechen Hëllefen

 

Eisen Kalenner op dengem Smartphone?

Hei fënns du een Tutorial (*.pdf) wéis du eisen Kalenner op däin Android Smartphone setzt an soumat ëmmer an iwwerall top aktuell informéiert bass.

 

Adventskränz

 

Link offline! Merci a bis den nächsten Advent.

Adventskränz

Eis Adventskränz, ganz nom Motto Qualitéit stat Quantitéit! 

 

Am Joer 2013 hunn d'Ranger-Rover vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Mère Thérèse mat un den Odyssee-Projet'en a Bosnien, Brasilien, Georgien a Senegal Deel geholl. Dës Projet'en hunn eise RaRo awer een décke Batze Geld kascht, an dofir hu mer no enger Méiglechkeet gesicht fir déi jeeweileg Präisser ze kompenséieren.

Well mer Member mat dem néidege Wëssen an der néideger Kompetenz haten, hu mer am Joer 2012 de Projet "Adventskränz" lancéiert. Eis Haaptziler war et de Leit een Adventskranz vun héijer Qualitéit zu engem faire Präis unzebidden. Zu deem hu mer grousse Wäert drop geluecht de Service unzebidden den Adventskranz fräi Heem ze liwweren.

No dräi Joer a Folleg, goufe mer ëmmer rëm fir eis schéin a qualitativ héichwäerteg Adventskränz gelueft. Deelweis hunn eis Adventskränz souguer bis spéit an d'Fréijoer hier Nole gehalen.

D'Qualitéit vun eisen Adventskränz, ass op déi héichwäerteg Nordmannsdännen zréckzeféieren. Dobäi kënnt nach, dass eis Adventskränz eréischt kuerz virum éischten Advent gebonnen an dekoréiert ginn. Nëmmen esou kënne mer een Adventskranz ubidden deen nach frësch ass a gutt no Dänne richt. Fir d'Dekoréiere vun eisen Adventskränz gräife mer op héichwäerteg "Gastronomie-Käerzen" zréck, déi net nëmmen een héije Sécherheetsstandard garantéieren, mä och bei richtegem Gebrauch net Drëpsen. Fir de Rescht vun der Dekoratioun gräife mer op eng Mëschung vun Naturprodukter aus eise Bëscher an engem ausgeglachenen Zousaz vu Floristen-Dekoratiounsmaterial zréck.

 

Och fir den Advent 2018 wäerte mer erëm Adventskränz bannen.