Kalenner RaRo

Nov
17

17.11.2017 - 02.12.2017

Nov
18

18.11.2017 8:00 - 10:00

Dec
2

02.12.2017 14:00 - 23:00

Dec
3

03.12.2017 10:00 - 18:00

Dec
22

22.12.2017

RaRo

Ee kuerzen Iwwerbléck zu der Branche "RaRo"

 

 

WIEN SI MER ?

Ënner der Branche "RaRo" (Ranger & Rover) versti mir d'Branche fir Jonk Leit vu 17 bis 23 Joer.

No hirer laanger Scouts-Carrière déi Si hannert sech hunn, trieden Si elo dee wichtegsten Deel op hirem Wee un. An engem Alter, an deem wichteg Liewensentscheedunge musse geholl ginn, ginn si vun hirem Clan begleed a gestäerkt. Zesumme mat hirem Clan-Chef treffen si sech regelméisseg fir d'Plangen an Ausféiere vu Projet'en a weideren Aktivitéiten. Sou wéi an den anere Branchë ginn och bei de RaRo d'Scoutstechnike ugewannt a verbessert. 

"We RaRo the World", "En Route", a weider Motto'en deite kloer drop hinn, dass mer ëmmer a Beweegung sinn. Sief dat fir op eisen Odyssee Projeten an der Welt ze hëllefen, fir de Grupp bei gréisseren Aktivitéiten ze stäerken oder einfach ee gemittlechen Owend zesummen ze verbréngen. 

Diskussiounen iwwer allerlee Theme si bei eis um Programm, an nëmmen esou kann de RaRo sech seng eege Meenung zu engem Thema bilden, an dës verstäerkt vertrieden. Bei eis gëtt op jiddweree gelauschtert esou wéi Entscheedungen a Problematiken zesummen am Clan beschwat.

De RaRo setzt sech ee kloert Ziel virun Aen, a kann sech soumat ee Wee plangen op deem hien och mol schwéier Etappe meeschtere muss. 

De RaRo huet eng positiv Liewensastellung an ass ëmmer bereet. Mat dës Charaktere kann de RaRo sech séier an enger neier Gesellschaft integréieren a mat engem Wuelgefill matschaffen a matschwätzen. Net zulescht kann hien dës Charakteren zum Virdeel a sengem spéidere Beruffsliewe maachen.

 

WEIDERES...

Eng ausféierlech an detailléiert Beschreiwung zu dëser Branche fënns du um Site vun den LGS.

RaRo [www.lgs.lu]

 

 

MAACH MAT!

Du wëlls ee RaRo vun eis ginn?

Kee Problem, du duerfs zu jiddwer Zäit an eng Versammlung laanscht kucke kommen! Och wanns du nach ni an de Scoute waars, bass du häerzlech bei de RaRo wëllkomm. Mer haten am Laf vun der Zäit schonns méi Jonker déi eréischt bei de RaRo ra geklomm sinn obwuel se nach keng Erfahrung haten. D'Praxis huet gewisen, dass bei eis jiddweree wéi een "laang bekannte Kolleg" opgeholl gëtt. Nëmmen esou sinn déi beschte Konditioune gesat fir séier ze starten an sech wuel ze fillen.

D'Datumer an d'Zäite vun eise Versammlunge fënns du hei lénks ënnert dem Menü. Oder am groussen Kalenner vun eisem Site.

 

BEI FROEN...

Hues du nach Froen? - Dann mellt dech ganz einfach bei dengem Clanchef.

 

• Kontakt