Partner

Eis Partner - Interessant Adressen & Präsenzen


Beim Klicken op ee Link, gitt dir automatesch an enger neier Fënster op déi jeeweileg Internetsäit weidergeleet. Déi hei publizéiert Internetverlinkungen goufen all vun eis iwwerpréift, mä well sech eng Internetsäit rasant schnell entwécklen kann, iwwerhuelen mer keng Responsabilitéit fir den Contenu vun den hei ugebueden Internetsäiten. Fir den Contenu vun den jeeweilegen Internetsäiten ass an all Fall säin Auteur responsabel.

Globetrotter Ausrüstung
Wou Weeër sech trennen...
Leider huet sech eisen laangjäregen Partner am Beräich "Outdoor-Ausrüstung" fir ee neie Wee entscheet. Mer sinn der Meenung, dass een sech net weider als "Outdoor-Spezialist" bezeechnen duerf, wann een sech mat sengem Konzept a Sortiment quasi nëmme méi op "Fashion & Lifestyle" fixéiert.
Als Guiden a Scouten si mer op eng kompetent Berodung an qualitativ héichwäerteg Materialien ugewisen. Aus dësem Grond kënnen a wëlle mer dat neit Konzept vu "Globetrotter.de" net weider ënnerstëtzen.

Mer halen d'Aen op, fir Iech esou schnell wéi méiglech eng nei kompetent Adress ubidden ze kënnen.
 
Frënn vun der Schlënner ASBL
Frënn vun der Schlënner
 
D’Frënn vun der Schlënner goufen den 23 Mee 2013 vun engem Grupp Studente gegrënnt.
Si hunn sech zesumme gedoe fir sech fir d’Regioun ëm d’Schlënner anzesetzen...

www.schlenner.org