Kalenner RaRo

Nov
17

17.11.2017 - 02.12.2017

Dec
2

02.12.2017 14:00 - 23:00

Dec
3

03.12.2017 10:00 - 18:00

Dec
22

22.12.2017

Odyssee 2013 - Brasilien

 

Odyssee 2013 - Brasilien

den Odyssee Projet 2013 a Brasilien

 

Als éischt mol, wisou gouf et iwwerhaapt dëse Projet, a wat waren eis Ziler?

Fir eis Ziler vun dësem Projet ze verstoen muss een eemol kuerz op d'Fakten an d'Grondlagen vu Brasilien a goen:

Brasilien ass ee Land wat knapp 3300 mol méi grouss ass wéi eist Lëtzebuerger Ländchen. Am Verglach ass souguer Europa kleng géigeniwwer zu Brasilien. Wa mer elo ee Bléck op d'Bevëlkerungsdicht werfen gesi mer dass Lëtzebuerg mat enger Bevëlkerungsdicht vun 207 Awunner pro Quadratkilometer zéng mol méi dicht bewunnt ass wéi Brasilien. Et kéint een sech also denken dass et a Brasilien jo mol keng Problemer op Grond vu Wunnraum dierfte ginn. Dës Iwwerleeung ass allerdéngs falsch, d'Majoritéit vum Grond a Buedem gehéiert den Groussmuechten, an soumat huet den Haaptdeel vun der Bevëlkerung keen Besetztum fir sech kennen eng Existenz op ze bauen.

Vill jonk Brasilianer gesinn keen aneren Auswee méi, wéi sech an grouss Stied ze emigréieren, an do op groussen Plantagen ze schaffen, wou se allerdéngs zum gréissten Deel ausgebeut ginn. Net seelen kommen déi Jonk hei mat Alkohol an Drogen a Kontakt, wou se dann endgülteg dran verfalen.

 

Eist Zil vun dësem Projet war et an engem Saatz gesot: "der Landflucht entgéint ze wierken". An aneren Wierder: den Problem mat der Wuerzel paken. An éischter Linn kann een sech villäicht net richteg virstellen, wéi een dat erreechen wëll oder soll. Mä och heifir muss een ee puer Erklärungen ginn:

Eise Projet gouf zesummen mam MCP duerchgefouert. Den MCP ("Mouvement des Communautés Populaires") ass eng autonom Gemeinschaft, an där souwäit wéi méiglech alles gedeelt gëtt. Och leet den MCP vill Wäert op basisdemokratesch Entscheedungen. Mat dësen Iddien huet sech dëst Mouvement schonns an enger Partie Géigenden vu Brasilien ausgebreet an huet sougenannten "Centre Culturel Poplair" opgebaut. D’Zil ass et, datt d’Leit sech an dësen Haiser begéinen, organiséieren a weiderbilden. Zesumme Problemer léisen, déi eege Kultur förderen, Revenuë schafen, ... kuerz: Gemeinschaft liewen a sou der Landflucht entgéintwierken.

Sou koum et am Summer also dozou, dass mer am Nord-Osten vu Brasilien, ee sou genannten Centre Culturel Populair opgebaut hunn. Nieft dem 2-Wöchegen Camp-Chantier hu mer och ganz vill Wäert op den Sozialen Projet geluecht, an hu soumat een géigesäitegen Kulturaustausch dierften erliewen.

 

Een Erliefnis wat ech ni wärt vergiessen...


Däin Androck? Wat hues de erlieft? Géifs de nach eemol zréck goen? ...

All dës Froen an nach vill méi krut ech gestallt, wéi ech no mengem 4-wöchegen Openthalt aus Brasilien erëm koum. Net op all Fro konnt ech eng Äntwert ginn, an dëst huet sech bis haut och net geännert. Et ass immens schwéier fir dat a Wierder ze faassen wat ech a Brasilien erlieft hunn. An dofir probéieren ech hei ee bëssen meng Andréck ze reflektéieren:

Wéi an engem éischten Artikel, kënn der no liesen, dass ech jo schonns virum Projet iwwert eng Woch lang zu Rio de Janeiro ënnerwee war. Déi éischt Andréck déi ech hei erlieft hat, war just den Ufank: Frëndlech an hëllefsbereet Mënschen, fir déi d'mënschlech Wäerter nach eng wichteg Valeur sinn. Um Wee op den Projet hunn ech mer vill Virstellungen gemaach wéi dat ganzt kéint ausgesinn. Ech hu mer probéiert ee Bild vum ganzen ze maachen. Op der Plaz ukomm, war ech begeeschtert wéi frou mer vun den Brasilianer empfang goufen. Mat Musek an Emärmungen goufe mer vun Leit opgeholl déi mer bis ewell just vu Foto'en kannt hunn.

Trotz den verschiddenen Sproochen huet een sech verstanen. Sief et um Chantier, bei den Atelieren oder beim Ausféieren vun den Chargen, et war ëmmer eng gutt Stëmmung do, an et huet een zesummen gelaacht. Dat wat Ufanks nach mat Hänn a Féiss ausgedréckt gouf, konnte mer spéider souguer méi oder wéineger mat Schwätzen erreechen. Sief et d'Brasilianer déi Lëtzebuergesch geschwat hunn, oder Lëtzebuerger déi Brasilianesch geschwat hunn. Meeschtens koumen zwar ganz speziell Sätz eraus, mä et konnt een awer iergendwéi ënnereneen Kommunizéieren. 

Am Laf vun der Zäit hunn sech Frëndschaften gebilt. An sou schéin déi Zäit vu mengem Openthalt a Brasilien och war, ëmsou méi schwéier war et Äddi ze soen. Den Hannergedanken am Kapp, dass sech déi Méiglechkeet villäicht net méi bitt, eng Kéier zréck ze goen, huet den Abschid nach ee gutt Stéck méi schwéier gemaach.

Obwuel et eis um Chantier un modernen Hëllefsmëttel gefeelt huet, fir no deem Standard ze bauen wéi mir en zu Lëtzebuerg kennen, sou goufen déi einfachste an effektivsten Methoden ugewend fir Problemer ze léisen.

Den Kulturënnerscheed huet sech och immens gewisen, ufänken kéint een beim Iessen an ophalen bei den Liewensastellungen. An spéitstens um Enn vum Projet huet een gemierkt, dass mer eigentlech op dëser Basis méi vun den Brasilianer kënne léieren wéi si vun eis.

Den Camp-Chantier wéi och den sozialen Deel um Projet hunn sech mat enger rasanter Vitesse entwéckelt, et war also all Grond do, op dat houfreg ze sinn wat mer op eisem Projet errecht hunn. 

An wann der mech frot, op ech nach eemol zréck géif goen, dann beäntweren ech Iech déi Fro mat engem kloren jo. Sief et fir d'Entwécklung vum Centre Culturel Populaire ze gesinn deen mir zesummen mat eisen brasilianeschen Kollegen opgebaut hunn, oder fir einfach all déi fein Leit erëm ze gesinn déi een am Laf vum Projet kenne geléiert huet. Mol net d'Spannen a Schlangen, déi do ze fannen sinn, géiffe mech vun enger weider Rees a Brasilien ofhalen.

 

Malek Cédric
04. Oktober 2013

 
 

Weideres...

Foto’en Odyssee 2013 - Brasilien

Artikel JMJ 2013