Kalenner RaRo

Nov
17

17.11.2017 - 02.12.2017

Dec
2

02.12.2017 14:00 - 23:00

Dec
3

03.12.2017 10:00 - 18:00

Dec
22

22.12.2017

Never Stop Exploring

 

Never stop Exploring

RaRo-Summercamp 2014 a Schweden

 

Nom Motto „Never Stop Exploring“ hu mer eis knapp een halleft Joer laang de Kapp zerbrach wéi, wou a wat mer am Summer op eisem Camp wëllen ënnerhuelen. Aus “just” Iddi’en ass dunn schlussendlech ee komplette Camp entstan.

Den 06. August 2014 sollt et dunn lass goen. Mam Fliger vu Frankfurt op Stockholm, Schweden. Nom Arrivé goung et dunn och schonns direkt lass, nieft akafe vun Kaarten a Gaass , hu mer nach eng läschte Kéier eise Ravi opgestockt fir duerno den Zuch direkt op eis éischt Etappe ze huelen.

Fir déi nächst Deeg stoung eisen Hike um Programm. Eis Iddi vun dëser Etappe war et an éischter Linn der Natur vu Schweden méi no ze kommen, eis anzeliewen an an de Genoss vum “Jedermannsrecht” ze kommen. Nieft méi oder manner schéinen Abschnëtter, dierfte mer awer Owes gemittlech beim Feier op eise Schlofplazen nei Energie tanken fir an den nächsten Dag ze starten.

Nodeems den zweeten Dag ëm war, hu mer leider misse feststellen wéi  sech d’Stroossennetz vun der Groussstad Karlstad (Värmland) ëmmer méi no baussen, an eis Richtung, bemierkbar gemaach huet. Dëst hat eis den Hike esou komplizéiert gemaach, dass mer decidéiert haten, eis per Bus nërdlech ze deplacéieren, fir hei déi zwee läscht Deeg vum Hike duerchzezéien. 

No dësem Feldzuch ware  mer der Natur well ee grousst Stéck méi no. Et war also de Moment fir déi manner schéin Erënnerunge vun den langweilegen Stroossen ze vergiessen. D’Laun vun eisem Clan, déi duerch déi läscht Deeg schonns ee bëssen ugeschloe war, huet sech nees erkrabbelt. An spéitstens wéi mer Owes eis wonnerbar Schlofplaz direkt bei engem Stauséi erreecht hunn, hat och jiddwereen rëm ee Laachen am Gesiicht. - Ech muss zouginn, bis hei war et net einfach, an ech hat mer déi éischt Etappe definitiv méi gemittlech virgestallt, schliisslech wollte mer eis an dësen Deeg jo just “anliewen”.

No enger gemittlecher Nuecht, engem gudde Maufel an enger Luxus Dusch am Stauséi goung et dunn den Dag drop a Richtung nächst Etappe. Et goung gutt virun, bis mer Owes dat nächst Duerf erreecht haten. Eigentlech sollte mer hei eise Ravi op een neits op stocken.  Et huet sech allerdéngs eraus gestallt, dass et hei ausser engem “Loppis” näischt géif ginn. An der Hoffnung dass “Loppis” villäicht ee klengen Duerfbuttek wier, hu mer eis voller Hoffnung op d’Sich gemaach. Wéi mer de “Loppis” bis fonnt haten, huet sech ganz séier eng miserabel Laun iwwert eis verbreed. Et huet sech just ëm ee Floumaart gehandelt. De Gedanken, dass eise Ravi just nach bis den nächste Mëtteg géif duer goen, huet eis alleguer néier geschloen. Mer woussten alleguer, den nootste Buttek war op 13km. Wéi mer eis dunn fir eng Zäitchen op enger Plaz néier gelooss hunn fir ee klore Kapp ze kréien, hunn mer op der anerer Säit vum Floss eist eigentlech Zil gesinn. 

Op der enger Säit ware mer een Dag ze fréi fir déi nächst Etappe, mä op der anerer Säit hate mer kee Ravi méi fir ee weideren Dag mat grousser Ustrengungen duerchzestoen. Mer hunn also decidéiert riwwer ze goen op de “Wildcamp zu Gunnerud (Värmland)”, Organisateur vun eiser Floßfahrt (2. Etappe). Och hei gouff et näischt ze iessen ze kafen, mä glécklecherweis krute mer de selwechten Owend bëssen Geméis erbäi, dat verschidden Gruppen nach iwwereg haten wéi dës vun hirer Floßfahrt rëm koumen. No enger onerwaarten grousser Moolzecht goung et dunn mat vollem Mo an d’Zelter. Den Dag drop stoung fir eis näischt um Plang, sou dass mer eis eng wuelverdéngten Auszäit gegënnt hunn. Géint der Owend goung et dunn mat engem Aféierungs-Kurs iwwer d’Floßfahrt weider. Nodeems mer alleguer nach schnell déi nei Kniet dierften üben, goung et och schonns schlofen, fir den nächsten Dag moies fréi op d’Bauplaz vum Floß (50km nërdlech vu Gunnerud) gefouert ze ginn. 

Wéi mer op der Plaz ukoumen, goung et och well direkt lass mat reenen. Waarden déngt hei keen eppes, d’Floß muss fäerdeg ginn. Géint 09h00 hu mer mam Bau vun eisem Floß ugefang. Stamm fir Stamm hu mer erof an d’Waasser gerullt fir hei alles uneneen ze strécken. Déi éischt Halschent war fir d’Mëttegstonn fäerdeg. An trotz dem Reen, deen dëse Moie keng Paus gemaach huet,  war eng gutt Laun ënnert eis. Mer hunn eis wuel alle véier op déi onvergiesslech Aventure gefreet. Géint 17h00 war et endlech sou wäit, eist Floß stoung a voller Pracht um Ufer vum Klarälven, prett fir fort ze zéien. 

Ee leschten Check, a scho goung et fort. An elo gëllt et zu 4 während 4 Deeg op 18m² ze verbréngen, an Teamwork ze weisen wann et drop ukënnt.

Trotz dem Gewiicht vu knapp zwou Tonnen, déi duerch knapp 200m Seeler festgehal ginn, hu mer fréi genuch misse beweisen, dass mer d’Floß zu véier kënnen ënner Kontroll behalen. Während de véier Deeg hu mer eist Floß viru Sandbänken, sougenannte “Backwater”, Fielsen a Beem missen schützen, an dëst goung nëmme mat kräftegem paddelen op allen Ecke vum Floß. 

Zu de Rouzäiten um Floß, wa mer eis vun der Stréimung dreiwe gelooss hunn, war de richtege Moment fir sech d’Natur ënnert d’Haut goen ze loossen. Een Elsch hu mer zwar net gesinn, mä dofir eng Rëtsch Bibber, déi d’Ufer mat hiren Bauten zoustellen, a Wëllef déi de Vollmound unhaulen.

“Esoubal et Mëtteg laut, gëtt e Feierlach gebaut...”, esou war et um Floß awer net, fir während dem Dag um Ufer unzedocken war leider keng Zäit, dofir gouf fläisseg um Floß gekacht, a wann mol een zwësch hinn misst ;), dann duerft en sech mam Kajak op den Tour maachen. Mä hätt de Kajak da net déi blöd Lächer gehat, da wier een op d’mannst mat engem drëschnen Hënner zréck op d’Floß geklomm ;) 

Owes, goung et dunn all Kéier u Land fir d’Zelter op ze schloen, mä och wann et a Schweden eréischt géint 23h00 schummereg gëtt, sou si mer den éischten Dag voll an d’Nuescht gefall, a kruten eist Floß no enger méi schwéierer Aktioun géint 02h00 endlech un d’Ufer.

Wann ech elo zréck denken, muss ech zouginn, dass dës 4 Deeg um Floß eng aussergewéinlech Erfahrung waren. Vergläichen kann een dës mat kenger anerer. Vun Teamfähegkeet weisen, Scoutstechniken uwenden, Kniet maache bis Chargen erfëllen (jo och um Floß muss gespullt ginn) war alles dobäi.  

Véier Deeg um Floß ass eng laang Zäit, zemools wann d’Wierder sech net vun senge beschte Säite weist. Mä, wéi et geheescht huet d’Floß auserneen ze bauen, war eis dunn awer alleguer bewosst, dass mer grad ee Stéck Erënnerung ofbauen. Stamm fir Stamm sinn eis Erliefnisser mat der Stréimung vum Floss weider gezunn (dës Stämm ginn nees opgefaang an erop op d’Bauplaz gefouert). Wier dach nëmmen de Fotoapparat net op hallwer Streck futti gaangen, dann hätte mer kënnen eis Erliefnisser op méi Foto’en festhalen.

No eiser Floßfahrt hu mer eis schlussendlech zréck op Stockholm gemaach wou mer nieft der Visit vun der Stad, eng rëtsch Geocaches gesicht hunn an an enger Kabin vun engem Schëff iwwernuecht hunn. Och wann dës Kabinn just 3m op 5m grouss war, sou hu mer et awer hi kritt eis zwee Zelter, déi naass agepak gouffen, ze drëschnen. (Schuet dass et heivunner keng Foto’en ginn ;) )

Mä virun allem wäert eisen Openthalt a Stockholm dovu geprägt bleiwen, dass eng Partie vun eise RaRo hiert Engagement fir sech a fir d'Guiden a Scouten, an enger entspaanter a spiritueller Ambiance ofgeluecht hunn.

Mat positiver Astellung a flotten Erënnerungen hu mer eis den 17. August rëm op den Heemwee gemaach, sou dass mer fir Mëtteg nees zu Frankfurt gelant sinn.

An menger Scoutskarriere, déi net manner wéi 14 Joer zielt, hunn ech scho vill erlieft. Vun enger Odyssee bis de Weltjugendag zu Rio de Janeiro, vu groussen international Camp’en bis grouss national Campen. An spéitstens no dësem Camp kann ech soen, ech hunn eppes neies a menger Scoutskarriere erlieft. Ee ganz speziellen Camp, ganz nom Motto “Never Stop Exploring!”

 

Fir d’Ranger/Rover
Mère Thérèse
Housen-Houschent

Malek Cédric
Clan-Chef
26. August 2014
 
 

Weideres...

Foto’en - Never Stop Exploring 2014