Kalenner Frënn

Nov
20

20.11.2017 20:00 - 21:00

Dec
2

02.12.2017 14:00 - 23:00

Dec
3

03.12.2017 10:00 - 18:00

Dec
22

22.12.2017

Frënn

 

Frënn vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten Mère Thérèse

WIEN SI MIR ?

d'Frënn vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Mère Thérèse sinn Erwuessener déi den Groupe ënnerstëtze sief dat moralesch oder materiell. D'Membere vun eiser asbl. si meeschtens Eltere vun aktive Guiden a Scouten oder fréier Guiden a Scouten esou wéi och Leit déi Sympathie hunn fir de Mouvement vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten .

Et ass ganz wichteg datt e Jugendmouvement Erwuessener huet déi him zur Säit stinn. Hei geet et drëm déi Jugendlech an hirem Engagement  ze begleeden.

 

DE COMITÉ VUN EISER ASBL. SËTZT SECH AUS FOLGENDE LEIT ZESUMMEN:

  • Fél.Schannel, President
  • Robby Scheueren Sekretär
  • Christiane  Liefgen, d'Geldmouk
  • Jacquel Schannel, Member
  • Alice Jacobs, Member
  • Blanche Lipperts, Member
  • Marc Jung, Vertriederin vum LGS Lokalgrupp
  • Cédric Malek, Vertrieder vum LGS Lokalgrupp

PUER GEDANKEN ALS FRËND VUM LGS-GRUPP

Gespréich iwwer mënschlech Wäerter ass jo de Moment an villen gesellschaftspoliteschen Diskussiounen in.

Wat fir Wäerter brauchen mir?  /  Wat fir Wäerter brauch eis Jugend?

  • matenaner plangen,schaffen,spillen 
  • sech näischt opschwätzen loossen
  • Näischt  an sech eran schlécken
  • zesummen eppes maachen
  • an der Grupp matmaachen
  • beobachten
  • nei Weeër goen
  • matmaachen
  • vun aneren léieren
  • aneren seng Hëllef ubidden
  • Spirituell handelen
  • näischt géint en aner
  • selwer eppes maachen
  • mä soen wat mir net passt
  • eleng erreechen ech wéineg
  • net um Rand stoen bleiwen
  • näischt iwwerflächlech unhuelen
  • näischt fir net verännerbar halen
  • net anerer fir mech denken loossen
  • net nëmmen seng eegen Iddien duerchsetzen wëllen
  • nët nëmmen un sech denken
  • an net nëmmen dovunner schwätzen 

Ech sinn der Meenung, wann och mir als Erwuessener Jo zu dësen Wäerter soen an sie am Kontext vun eiser Liewenserfarung liewen, dann sinn mir um richtegen Wee, eis Kanner a Jugendlech ze begleeden.

 

Komm gëff och du Member bei de Frënn , Alter ab 18 Joer

  • als Donateur mat enger Cotisatioun ab 10€+
  • als Aktiv mat Cotisatioun vun 10€

Aktiounen déi mir bis lo ugekuerbelt hunn:

  • Stolzebuerger Planzebourse
  • Verkaf vu Chrëschtdagsgebäck zu Housen  bei der Kierch
  • Verkaf vu selwergemaachtem Gebeess, Kuch...
  • de faire Kaffi zu Eesbéch

dëst kënnen awer och Saachen sinn wéi:

  • Mathëllef bei enger Scoutskirmes
  • Floumaart
  • kachen op engem Wëllefcher-Camp

oder aner Saachen wou der Phantasie keng Grenzen gesat sollen ginn.

 

Fél.Schannel
President vun de Frënn

 

WEEN LO MEMBER WËLLT GINN, DEEN KANN DËST MAACHEN ANDEEMS EN SÄIN BÄITRAG OP EISEN COMPTE IWWERWEIST:

 

 

Frënn vun den LGS Mère Thérèse

IBAN:
BIC/SWIFT:
LU67 0019 2755 9040 6000
BCEELULL