Escape Room 2017Escape Room - eng nei Art vun Adventure-Spill.
De Projet "EscapeRoom" ass am Guiden- a Scoutsjoer 2015/2016 vun eiser Branche "CaraPio" (Jugendlecher vu 14-17 Joer) an d'Liewe geruff ginn. Dëst Joer huet dëse Projet also schonns fir déi zweete Kéier statt fonnt.
Nodeems mer dëst Joer een immens positive Feedback zu eisem EscapeRoom kruten, si mer bereet Iech och nächst Joer eng nei spannend Aventure ze liwweren. Mer soen Iech alleguer nach eemol villmools Merci, dass dir un eisem EscapeRoom deelgeholl hutt, a mer si frou, dass et Iech alleguer gefall huet! Bis d'nächst Joer.
Wat ass een Escape Room?Bei eisem Escape Room gëss du an däin Team an engem Raum agespaart. Dir hutt genee 60 Minutten Zäit fir de Schlëssel ze fannen a fir nees aus dem Raum eraus ze kommen. Fir un de Schlëssel ze komme muss du an däin Team eng Rei Rätselen an Aufgaben léisen. Déi eenzel Rätselen an Aufgaben hänken all zesummen, esou dass d'Spiller ee roude Fuedem erkenne sollen.
Teaser: Escape Room 2017 am Parc Housen
|