Kalenner Chef

Nov
17

17.11.2017

Dec
3

03.12.2017 10:00 - 18:00

Dec
22

22.12.2017

Jan
6

06.01.2018 - 07.01.2018

Jan
11

11.01.2018

Chef

 

Eis Chefequipe jonk, staark an dynamesch...

 

WIEN SI MER ?

Am Laf vun eisem Bestoe goufen et scho vill Chef déi koumen a goungen. Ee puer vun hinne sinn och nach haut staark am Grupp aktiv.

Net ze knapp gutt a schlecht Zäite kënne mir an eisem Grupp opzielen, esou dass et enges Daags duerch Mangel u Chef dem Grupp virun engem Enn gedreet huet. Mä et sollt awer net esou kommen, an  esou krut de Grupp vu sengen eegene Branchemember ënnert d'Ärem gegraff. Déi deemoleg Branchemember hunn sech bereet erkläert de Rôle als Chef ze iwwerhuelen, an hunn dem Grupp eng Chance gelooss, nei op ze bléien. Och nach haut hu mer vill Jonk Chef déi eiser Chefequipe bäitrieden. A genau dëst leed eise Grupp dozou esou eng jonk, staark an dynamesch Equipe kënnen ze presentéieren.

Zur haiteger Zäit ziele mer an eisem Grupp ronn 14 Chef, déi sech benevol ëm eis 4 Branche këmmeren. Ee groussen Deel vun eis huet eng Formatioun als Aide-Animateur ofgeschloss. Eng Partie vun eise Chef sinn zousätzlech als Animateur forméiert. Nëmmen esou kënne mer eise Jonke Member ee flott an ugepasste Kader ubidden. Bei all eisen Aktivitéite wëssen eis Chef ee séchert Ëmfeld ze garantéieren. Si wësse wéi Si mat Problematike vun de Jonken ëmginn a Si kënne mat hinnen doriwwer schwätzen. Eis Chef hunn eng laangjäreg Erfahrung vum Scoutisme, a kënnen esou hiert Wëssen iwwert Scoutstechniken a -methoden un déi Jonk weider ginn.

 

 

Mer sinn ni zu zevill...

Och wann mer eng relativ grouss Chefequipe sinn, esou freeë mer eis iwwert all neie Chef an iwwert all hëllefent Hand. Nei Chef sinn ëmmer wëllkomm. Wanns du also Interessen hues an enger wonnerbarer Atmosphär mat anere Chef zesummen ze schaffen, da bass du bei eis genee richteg! Mell dech bei eis!

BEI FROEN...

Hues du nach Froen? - Dann mellt dech ganz einfach bei eis.

 

• Kontakt