Ären Kranz fir den Advent 2018
Adventskranz Aktioun 2018
Bestellt ären Adventskranz ganz einfach a bequem iwwert eisen Online-Formulair. Dir hutt d'Wiel tëscht dräi verschidde Modeller. A wéi all Joers offréieren mer Iech d'Liwwerung vun ärem Kranz bis op är Hausdier.
Aschreiwung an Informatiounen
Maach mat!
Du wëlls Member bei eis ginn? Hei geet et weider zu nëtzlechen Informatiounen iwwert deng Umeldung
Kalenner vun de Branchen abonnéieren...
Branchen-Kalenner
Hei geet et weider bei d'Beschreiwung wéi een sech d'Kalenner vum Grupp op den Smartphone oder Computer setzt.
RaRo Summercamp 2015 - Korsika
"Summit to Sea"
Mer schreiwen den 01. August 2015. Eng läschte Kéier de Rucksak kontrolléiert. Gutt virbereet an...
AvEx Summercamp 2015 - am Fensterdall
"Ee richtege Scout"
Während 9 Deeg hu mer vollen Asaz gewisen, fir eisem Gaascht - een ale Scout vum Jubica-Camp 1982...

Wien si mir ?

Gegrënnt goufe mir am Hierscht 1988 ënnert dem Numm "Scouten Mère Thérèse Housen-Houschent"...Weider liesen...

Eis Branchen

Biber? Wëllefcher? AvEx? CaraPio? RaRo? Dir wësst näischt mat dësen Begrëffer unzefänken? Kee Problem, hei fann dir alles iwwert eis Branchen...Weider liesen...

Maach mat !

Du bass tëschent 6 an 23 Joer an un den Scouten interesséiert? Hei fënns du all wichteg Informatiounen fir mat ze maachen...Weider liesen...

Wat gëtt et neies ?

Escape Room 2017 - Info

by Cédric Malek
in Uncategorised

Escape Room 2017

Escape Room - eng nei Art vun Adventure-Spill.

 

Du an däin Team sidd an engem Raum gefaangen. Fir eraus gëtt et just ee Wee: zesummen denken an zesumme schaffen!

 

Packt dir et innerhalb vun enger Stonn all d'Rätselen an Aufgaben ze meeschteren? 

 

Maach mat bei eisem Escape Room 2017 - a stäerk deng Teamfähegkeet,
erweider deng Denkweis an gëff der den optimalen Adrenalinschub.

 

Mer gesinn eis den 27./28. Mee 2017 am Parc Housen.

 

Wat ass een Escape Room?

Bei eisem Escape Room gëss du an däin Team an engem Raum agespaart. Dir hutt genee 60 Minutten Zäit fir de Schlëssel ze fannen a fir nees aus dem Raum eraus ze kommen. Fir un de Schlëssel ze komme muss du an däin Team eng Rei Rätselen an Aufgaben léisen. Déi eenzel Rätselen an Aufgaben hänken all zesummen, esou dass d'Spiller ee roude Fuedem erkenne sollen.
Beim Spill kënnt et drop un, dass däin Team sech während deene 60 Minutte beréit an ofschwätzt: all Detail ass wichteg, a villäicht fält deem Enge jo eppes aneschteres op wéi deem Aneren!
Däin Team ass bereet fir eng onvergiesslech Aventure? Ma da mellt dech schnell un!

 

Reservatioun vum Escape Room

 

  

Adress vum Escape Room

  

Escape Room 2017
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Mère Thérèse Housen-Houschent
8A, Parc
L-9836 Hosingen

 Teaser: Escape Room 2017 am Parc Housen