Eis BranchenEng kleng Iwwersiicht zu eisen Altersgruppen
|
||
Wëllefcher...
AvEx...
CaraPio...
RaRo...
Eis Chefequipe...
|
|
Ee kuerzen Iwwerbléck zu der Branche "RaRo"
|
||
|
|
WIEN SI MER ?Ënner der Branche "RaRo" (Ranger & Rover) versti mir d'Branche fir Jonk Leit vu 17 bis 23 Joer. No hirer laanger Scouts-Carrière déi Si hannert sech hunn, trieden Si elo dee wichtegsten Deel op hirem Wee un. An engem Alter, an deem wichteg Liewensentscheedunge musse geholl ginn, ginn si vun hirem Clan begleed a gestäerkt. Zesumme mat hirem Clan-Chef treffen si sech regelméisseg fir d'Plangen an Ausféiere vu Projet'en a weideren Aktivitéiten. Sou wéi an den anere Branchë ginn och bei de RaRo d'Scoutstechnike ugewannt a verbessert. "We RaRo the World", "En Route", a weider Motto'en deite kloer drop hinn, dass mer ëmmer a Beweegung sinn. Sief dat fir op eisen Odyssee Projeten an der Welt ze hëllefen, fir de Grupp bei gréisseren Aktivitéiten ze stäerken oder einfach ee gemittlechen Owend zesummen ze verbréngen. Diskussiounen iwwer allerlee Theme si bei eis um Programm, an nëmmen esou kann de RaRo sech seng eege Meenung zu engem Thema bilden, an dës verstäerkt vertrieden. Bei eis gëtt op jiddweree gelauschtert esou wéi Entscheedungen a Problematiken zesummen am Clan beschwat. De RaRo setzt sech ee kloert Ziel virun Aen, a kann sech soumat ee Wee plangen op deem hien och mol schwéier Etappe meeschtere muss. De RaRo huet eng positiv Liewensastellung an ass ëmmer bereet. Mat dës Charaktere kann de RaRo sech séier an enger neier Gesellschaft integréieren a mat engem Wuelgefill matschaffen a matschwätzen. Net zulescht kann hien dës Charakteren zum Virdeel a sengem spéidere Beruffsliewe maachen.
|
|
|
|
MAACH MAT!Du wëlls ee RaRo vun eis ginn? Kee Problem, du duerfs zu jiddwer Zäit an eng Versammlung laanscht kucke kommen! Och wanns du nach ni an de Scoute waars, bass du häerzlech bei de RaRo wëllkomm. Mer haten am Laf vun der Zäit schonns méi Jonker déi eréischt bei de RaRo ra geklomm sinn obwuel se nach keng Erfahrung haten. D'Praxis huet gewisen, dass bei eis jiddweree wéi een "laang bekannte Kolleg" opgeholl gëtt. Nëmmen esou sinn déi beschte Konditioune gesat fir séier ze starten an sech wuel ze fillen. D'Datumer an d'Zäite vun eise Versammlunge fënns du hei lénks ënnert dem Menü. Oder am groussen Kalenner vun eisem Site.
|
|
BEI FROEN...Hues du nach Froen? - Dann mellt dech ganz einfach bei dengem Clanchef.
|
||
|
Eis Chefequipe jonk, staark an dynamesch... |
|||
|
|
WIEN SI MER ?Am Laf vun eisem Bestoe goufen et scho vill Chef déi koumen a goungen. Ee puer vun hinne sinn och nach haut staark am Grupp aktiv. Net ze knapp gutt a schlecht Zäite kënne mir an eisem Grupp opzielen, esou dass et enges Daags duerch Mangel u Chef dem Grupp virun engem Enn gedreet huet. Mä et sollt awer net esou kommen, an esou krut de Grupp vu sengen eegene Branchemember ënnert d'Ärem gegraff. Déi deemoleg Branchemember hunn sech bereet erkläert de Rôle als Chef ze iwwerhuelen, an hunn dem Grupp eng Chance gelooss, nei op ze bléien. Och nach haut hu mer vill Jonk Chef déi eiser Chefequipe bäitrieden. A genau dëst leed eise Grupp dozou esou eng jonk, staark an dynamesch Equipe kënnen ze presentéieren. Zur haiteger Zäit ziele mer an eisem Grupp ronn 14 Chef, déi sech benevol ëm eis 4 Branche këmmeren. Ee groussen Deel vun eis huet eng Formatioun als Aide-Animateur ofgeschloss. Eng Partie vun eise Chef sinn zousätzlech als Animateur forméiert. Nëmmen esou kënne mer eise Jonke Member ee flott an ugepasste Kader ubidden. Bei all eisen Aktivitéite wëssen eis Chef ee séchert Ëmfeld ze garantéieren. Si wësse wéi Si mat Problematike vun de Jonken ëmginn a Si kënne mat hinnen doriwwer schwätzen. Eis Chef hunn eng laangjäreg Erfahrung vum Scoutisme, a kënnen esou hiert Wëssen iwwert Scoutstechniken a -methoden un déi Jonk weider ginn. |
||
|
|
Mer sinn ni zu zevill...Och wann mer eng relativ grouss Chefequipe sinn, esou freeë mer eis iwwert all neie Chef an iwwert all hëllefent Hand. Nei Chef sinn ëmmer wëllkomm. Wanns du also Interessen hues an enger wonnerbarer Atmosphär mat anere Chef zesummen ze schaffen, da bass du bei eis genee richteg! Mell dech bei eis! |
||
BEI FROEN...Hues du nach Froen? - Dann mellt dech ganz einfach bei eis.
|
|||